Déi wou net wielen waren
Hunn de Donald Trump Méiglechkeet ginn, datt Hien haut de President vun Amerika ass!
Presidentewahl an Amerika huet bewisen wéi wichteg et ass vun sengem Wahlrecht gebrauch ze maachen!
Och wann engem Landespolitik zum katzen ass! An een esou frustréiert ass iwwert Politik vun Regierung virun de Wahlen !
Wann Du den Dag vun de Wahlen, doheem bleifs, hëllef du, datt déi wou du net wëlls an de Regierung hunn, erëm gewielt ginn!
An Amerika haten Wieler Wahl tëschen Pech an Cholera!
Hei am Land sinn Parteien, wou du kanns wielen, demokratesch Parteien. An du kanns panachéieren, du däerf eenzel Kandidaten vun verschidden Parteien wielen, awer net méi Stëmmen ofginn wéi virgeschriwwen ass!
Besser kann een eng Demokratie an engem Staat net ausleeën!
Demokratien kann nëmmen weider bestoen! Wann Wieler bei de Wahlen fräi kënnen wielen, Ween an Chamber kënnt!
Dat ass keng Garantie, datt et dann an Chamber Demokratesch zou geet! Well de Fraktiounszwang ass eng verstoppten Diktatur!
Nëmmen wann déi gewielten Vertrieder vum Vollek Recht hunn, fräi ze entscheeden bei den Ofstëmmungen an de Chamber!
Bei enger Majoritéit vun zwou Stëmmen, ass Demokratie zu Deel ausgeschalt!
Wahlrecht ass däi Recht!

Keine Kommentare:
Kommentar posten