Wéi frësch gebueren
Nodeems de Finanzminister, Gëschter an de Chamber, vum Sproochpult erof! Den Deputéierten mat gedeelt huet!
Datt den Scholdespiral gebrach ass!
Elo kënne mer an Zukunft vu Lëtzebuerg investéieren!
Elo kënne mer an Zukunft vu Lëtzebuerg investéieren!
An et soll keen eis een X fir een U virmaachen! Ech hunn mech iwwerall ëmfrot! Mer däerfen dat!
Wéi Kanner!
Wéi Kanner!
Mat där Neiegkeet hunn ech geschlof wéi een Siweschléifer!
Bis de Mueren, wéi ech erwächt sinn! Do war meng Realitéit anescht! War geriedert, et huet gequiitscht wéi em Hartesch Batti vun de Schmelz säi alen Teimer!
"t" schreift, zwëschen den Zeile, déi nei Steierreform, wär ze vergläichen mat engem Ee mat zwee Dudderen!
Op dat, wat ech als Netto soll méi an menger Rent kréien!
Hunn ech mech selwer de Mueren mol verwinnt! An mer dräi Stécker Zocker, a platz Zwee, an mäi Kaffi gemaacht!
Hunn ech mech selwer de Mueren mol verwinnt! An mer dräi Stécker Zocker, a platz Zwee, an mäi Kaffi gemaacht!
Wéi ech als Wittmann, an Jonggesellen Klass zeréck gestuuft gouf hunn ech missen 4 000 Euro méi un Stéieren bezuelen!
Elo soll laut dem Finanzminister 1000 Euro manner am Joer Stéieren bezuelen! Dann hunn ech um Een vum Joer nach ëmmer
3 000 Euro manner u Rent?
Elo soll laut dem Finanzminister 1000 Euro manner am Joer Stéieren bezuelen! Dann hunn ech um Een vum Joer nach ëmmer
3 000 Euro manner u Rent?
Politiker maachen ouni Rechnung mam Wiert, hätt Zaloten Margréitchen gesot!
Mol ofwaarden wat Zukunft eis bréngt!
Keine Kommentare:
Kommentar posten