OGB-L! Wat soll dat?
Hunn an den bal 67 Joer wou ech Member am LAV an haut dem OGB-L sinn. Nach ni héieren dat meng Gewerkschaft, enger Regierung. An dësem Fall eng Regierung déi eng Neon-Liberal Politik mëscht, vun enger Fräier Gewerkschaft gratuléiert fir hiren Budget, déi géif och an déi richteg Richtung goen!
Sinn um rietsen Ouer daf, mam lénken héieren ech nach ganz gutt!
Dat ass ee Verrot déi laange Joeren an AIV abezuelt hunn! An eng Respektlosegkeet fir déi Leit déi fir de gesetzlech fest geluechten Manstenloun haut musse schaffen!
Déi Gehälter déi am OGB-L un hir Beamten all Mount ausbezuelt ginn. Sinn berechtegt!
Awer Fonctionnairen wëssen och, datt Sue vun hire Gehälter vun de Cotisatiounen vun de Memberen kommen!
Oder geet Gewerkschaft vun de Regierung subventionéiert?
Ech hoffe net!
Hunn schonn ee puer Mol geschriwwen an drop opmierksam gemaacht! Den OGB-L soll sech net, egal wéi zesummen sëtzen vun de Regierung ass! Net ze vill un eng Regierung un ze passen!
Dat mam Luef vum Budget 2017 ass nës esou en Ubiedelen!
Wann Dobaussen d'Impressioun bei de Memberen entsteet? Dat den OGB-L sech behuele géif wéi den véierten Koalitiounspartner!
De Feeler vun enger Gewerkschaft ass, eng Regierung ze luewen a Platz hir sozial Politik Steierreform, déi schlecht Ëmverdeelung vum Kapital asw ze kritiséieren!
Den "O" steet vir eng Partei politesch Onofhängegkeet!
Den "O" steet vir eng Partei politesch Onofhängegkeet!
Wat? Wann Regierung Ofkommes mam CETA ënnerschreift! Ass dat och an déi Richtung?
Keine Kommentare:
Kommentar posten