Samstag, 29. Oktober 2016

Méi sportlech huelen!


 Méi sportlech huelen

D' Entscheedungen vun de Regierung, passen net Jidderengem an säi Krom! An schonn guer net an de Buttek vun de Kréimeren vun de CSV!
Schonn oft hunn gouf, gesot no engem Futtballsmatch! Si hunn gutt gespillt! Awer de Match verluer! Oft geet eng Verlängerung vun ee puer Minutten méi laang gespillt!
An Eelefmeterschéissen! Dat sinn Chamberwahlen! An déi sinn den 18.Oktober 2018. Dat huet Regierung decidéiert!
Natierlech geet et och mol eng giel-oder rosarout Kaart!
Elo kënnt een knouteren iwwer den Termin vun de Chamberwahlen!
Den Hierscht am Wäimount, blieder déi Beem verloossen, et geet mat Zäiten däischter, Nuechten ginn méi laang, Depressiounen duerch net genuch Liicht am Dag, dan och nach Griewer botzen fir Allerhellegen! Bréngt mat sech, dat déi politesch Dynamik ze kurz kënnt!
Do waren Chamberwahlen am Juni. Wou Natur, Bild vum Land verännert huet! De Bierger hiert Gemitt war méi op, fir eng Verännerung vun eiser Gesellschaft!
Ech froen eis Regierung, wat ass um Termin am Juni esou schlecht, datt dir den Termin an den Oktober verleet?
Eng Regierung mat den dräi Parteien, déi vill an eiser Gesellschaft zum Gudden vum Bierger gemacht huet! Der huet déi Lëtzebuerger Gesellschaft méi op gemaacht! Et bléift nach vill zemaachen! Dat ass ëmmer esou!
Wann Dier als Regierung de Iwwerzeegung séit alles richteg gemaacht ze hunn!
Op Chamber elo sechs Méint éischter gewielt geet, oder méi spéit!
Dan misst  dat fir Deputéierten an Regierung keen Problem sinn!
An dir kënnt dee positiv Regierungsaarbecht no de Wahlen weider féieren!
An CSV géif op de Oppositiounsbänk sëtze bleiwen!
Ee wéineg méi Zivilcourage!
Et soll een de CSV net ze vill Zäit loossen, fir mat hire depressiven Spillercher weider ze fouren!
Ee Schüler den am Joer gutt Prüfungen hat! Brauch den Examen um Een vum Joer net ze fäerten!  

 

Keine Kommentare:

Kommentar posten