Donnerstag, 20. Oktober 2016

Honnert Joer Fräi Gewerkschaften


Gebuert vun enger Libelle

Honnert Joer Fräi Gewerkschaften

Si frou, datt et schonn honnert Joer laang Fräi Gewerkschaften zu Lëtzebuerg geet! Déi sech an den éischte schwéieren Stonnen am Zäitalter vum Ufank vun de Stolindustrie an spéider bäi  zou maachen vun den Galerien an dem Ofbau vun de Minette ënner fräiem Himmel. De Biergleit gehollef hunn!
Wou et net esou gutt gelaf war! War beim ewechrationaliséieren vun den Aarbechtsplazen an de Stolindustrie. Déi vun de Wechratiounaliséierung betraffen Kollegen spieren dat Haut nach an hire Renten!
Mam OGB-L goung de Kampfgeescht, mam iwwerhuelen vun engem Deel vun de Verantwortung an eiser Gesellschaft, lues a lues verluer!
Ech wëll just feststellen, dat Trennung vum OGB-L vun de LSAP! 
Ursaach kënnen ech net! Déi huet de Réckgang an de LSAP bei de Memberen vum OGB-L, a gelaut!
An déi Wonn ass bis Haut nach net richteg gehéilt!
Wat ech Trotzdeem net verstinn! Et huet villäischt eppes mat mengem Alter (85) ze dinn.
An den éischte Reien am Festsall, op de Fotoen ze gesinn vun de Feierlechkeet, sëtzen Vertrieder, wou den OGB-L President behaapt, déi hätten déi lëscht foftzeng Joer. Rees an eiser Gesellschaft sollen verursaacht hunn!?
Kann eng Fräi Gesellschaft, dat alles esou unhuelen, wéi wann näischt geschitt wär! Een muss déi Rees nës kitten.
Dat de Groussherzog un de Feierlechkeet deel geholl huet!
Hien war och Mëttes beim Tennis!
Dat hieft een feierlechen Akt vun enger honnertjäreger Fräier Gewerkschaft net!
Eng Fräi Gewerkschaft déi hiren honnertjäreg Bestoen féiert!
Esou eng Gewerkschaft muss och  Wuerzelen hunn! Fou wou datt se hir keent! Huelen un, aus de deemoleger Aarmut an de Sozialer-Ongerechtegkeet? An Haut liewen zou Lëtzebuerg nach ëmmer 24% vun de Leit, mat engem Akommes ënnert de Aarmutsgrenz?
Oder muss den haitegen OGB-L sech schummen vun wou se hir keent?
Ech hun kee Problem domadder ze soen, datt Fusioun vum LAV mam FLA nom Krich Fundament gebaut hunn! Op dem Fundament wou haut den OGB-L drop steet!
Feierlechkeet wéist schonn drop hin, dat den OGB-L  eng Sozial-Demokratesch Gesellschaft akzeptéiert!
Wéi! Wäisst sech schonn gären mat de Schmuddelkanner mat de Schnuddel um Back, déi dozou bäigedroen hunn! Dat déi Fräi Gewerkschaft een neien Otem kritt hunn fir um Liewen ze bleiwen!
Fir, datt dee haitegen OGB-L hiren honnertjäreger Bestoen kann feieren!
Wënschen de Fräien Gewerkschaften nach honnert Joer dobäi!
Ouni ze vill Rees!
An Strooss gehéiert de Gewerkschaft fir den éischt Mee!
Ech wëll kengem perséinlech Wee doen!
Hunn villäischt eng aner Usiicht vun de Gewerkschaftsaarbecht!  
   

Keine Kommentare:

Kommentar posten