| Bréck fir bäi den CETA |
Een Bestietnes, mat Recht op Scheedung
An de Bundes Republik Däitschland, krut Regierung vum Verfassungsgeriicht en Dier opgelooss, fir spéider aus dem CETA Vertrag nës auszetrieden!
Huet Lëtzebuerger Regierung déi Méiglechkeet och!
Oder ass dat, bis datt den Doud Iech scheit?
Déi nächst Regierung, egal wéi se zesummen gesat ass. Kann si déi Entscheedung fir sech vum CETA ze trennen, notzen?
Ass dat esou?
Oder hunn Länner an de EU, esou vill politesch Fräiheet, datt all Land seng eegen Gesetzer kann maachen fir CETA bäizetrieden!?
Oder geet zou Lëtzebuerg een anert Demokratieverständnës, wéi an aner Länner?
Firwat huet hei zou Lëtzebuerg, den Ausseminister, an net de Wirtschaftsminister Verhandlungen fir de CETA gefouert?
Wollt de Viz-President vun de Regierung, net de Risiko agoen, spéider mat sengem Hënneschten an de Brenndesselen ze setzen?
Et ass alles net esou kloer, wéi den Ausseminister dat duerstellt!
Hien seet dat wat hien gesot kritt!
Den Ausseminister, ass vun de Rees Féiwer gepackt. Hien ass all Dag an engem anere Land. Dat gehéiert zou senger Regierungsaarbecht! Dat wat hien zielt, wéis hien vun sengen Beamten. Oder? Vun aneren Ausseministeren! Et ass net seng eegen geliesten Méinung, vun de 1 600 Säiten CETA !
Wär ganz schlëmm fir Lëtzebuerger Demokratie!
An Bierger déi duerch esou eng Politik, bäi Lisette gelooss ginn!
Den Ausseminister ass ganz beléift, net nëmmen zou Lëtzebuerg!
Ass ee feine Jonk an eeërlech bis an déi Deckzéif!
Hoffen dat alles gutt geet!
Keine Kommentare:
Kommentar posten