Mittwoch, 19. Oktober 2016

Deen Dag do no

n

Deen Dag do no

Bléift alles wéi et war?
E Freideg 21. Oktober 2016 kommen Regierungscheffen zou Bréissel zesummen, fir déi grouss politeschen Operatioun fir ze huelen! Natierlech, ouni Awëllegung vum Patient (Bierger). Op hien déi Operatioun wëllt!
Déi politesch Chirurgen, wou do zum Asaatz kommen! Sinn bei de spéideren Operatiounen, no 2020 net méi am politeschen OP dobäi!
Operatioun ass gelongen.De Patient gestuerwen!
Fir eisen Ausseminister deet et mer leed! Den huet Gëschter op de Pressekonferenz net gutt ausgesinn! Fir all de Joren Aarbecht. An dann esou Fuess hannebäi ze kréien! 27 an een halfen Staat! Britten sinn nach ëmmer mat am Spill?
Politiker mussen sech bewosst ginn, datt net ëmmer alles esou léift wéi si sech dat virstellen.
Eng niewen Erscheinung.
Déi Lëtzebuerger Regierung wëllt, Zuel vun den Awunner op iwwer eng Millioun erop sëtzen!
Do soen ech als Bierger, léiwer ee Lëtzebuerg vu Gëschter. Wéi ee Monaco vun Haut!
An de Logik vun de Lëtzebuerger Regierung. Misst Däitschland Zuel vun den Awunner op 160 Milliounen erop sëtzen!
Den Dialog vun den Dawen! Ass op der éischter Säit vum "t" ze liesen.
Et ass eng Kommunikatioun, ouni Bierger.
Politiker aus den EU Länner wëllen den CETA Ofschloss duerch setzen!
Géigner vum Fräihandel Ofkommen, wëllen dat verhënnerten!
De Clou ass, kee vun den zwee Stréithunnen hunn ee Mandat vun de Bierger aus de EU!
Ass EU? Eng Zesummesetzung? Wou et nëmmen ëm Wirtschaft geet?
An Bierger ausgeschloss sinn!
Eng modern Form vun Sklaverei! 
Mënschen déi schafen, just dat zou gestane geet. Dat se fir Wirtschaft nach ee produktiven Wäert hunn!
Kënnen déi ugepassten Gewerkschaften vun Haut. Dës Tendenz vun de neo-liberaler EU-Kommissioun nach stoppen?
Wou sinn déi Europäesch Gewerkschaften?
Wann se kee Widderstand leeschten! Sinn si fir de schafenden Mënsch, genee wéi  Sozial-Demokratie iwwerflësseg!
Null Wäert!
Eng Politik wou de Aarm ëmmer méi aarm ginn!
An déi Räich ëmmer méi räich ginn!
Do ass eppes faul an de EU! 

  

Keine Kommentare:

Kommentar posten