De lëschten Danz
Dës Regierung mëscht alles, vir bei de Chamberwahlen am Wäimount 2018, net méi erëm gewielt ze ginn!
Och an sengem Editorial, beschreift de Schreiwer aus de Siicht vun engem Wirtschaftler. Den sech freet wéi Fatz um Bengel, iwwer d'Investitiounen vun de Regierung fir den Opbau vun de Zukunft vun de Lëtzebuerg Wirtschaft!
Wat ech esou alles héieren hunn an geliest. Ech hat mech selwer beschenkt, datt ech mer dräi Stécker Zocker fir an de Kaffi geleescht hat, bei meng Kachkéisschmier!
Haut de Moien sinn ech bei meng aler Ratioun vun zwee Stécker Zocker zeréck koum!
De Mansteloun klëmmt ëm 1,4%.
Och Renten sollen um 1. Januar 2017 ugepasst ginn!
Huelen un, datt de Robert Schneider sech geschummt huet, fir Zuel vun de Prozenter vun de Rentenerhéichung ze verëffentlechen!
Et stinn de Rentner eng schlecht Zäit bevir, mat sozialen Grausamkeeten. Esou ass de Fazit vun de Rentnerversammlung vun de Käler OGB-L Sektioun!
Wat fir eng Zukunft bréngen déi Investitiounen vun de Regierung mat Steiersuen, Lëtzebuerg!
De Mënschen déi an der vill geluefte Zukunft?
Mënschen déi um Een vum Mount, déi zwee Enner net méi zesummen bréngen!
Villäicht misst Regierung, Zuel vun den Deeg am Mount , reduzéieren op 25 Deeg!
Déi wou dës Gesetzer mat de mickreger Rentenerhéichung stëmmen. Hunn Täsche voll gepackt mat Suen!
Trotzdeem een schéine Samschdeg!
Keine Kommentare:
Kommentar posten