Mittwoch, 12. Oktober 2016

Dat Blot vum Himmel

Dat Blot vum Himmel

Hat de Finanzminister op engem Stick gespäichert!
Sécher ënner Mathëllef vum geheimen Déngscht!
Wat geschitt mat deenen aneren 9 900 Bicken? Huelen mol un, datt dir net nëmmen 100 Bicken bestallt hat?
Si hate virgesinn eng Armbandauer mat enger Stick! Do koum de J.C. Juncker an Spill! Elo flippen ech aus. 
Wichteg ass een qualitativen Wuesstem?
An Mobilitéit investéiert de Lëtzebuerger Staat 674 Milliounen Euro! An hofft, datt de Investitioun  vun de Grenzgänger an de Lëtzebuerger déi op Schaff mussen, unhuelen geet? Dat ass, mol spatz formuléiert, méi eng grouss Sandkaul fir Minister den zoustänneg ass den ëffentlechen Beruffsverkéier!
Schold un dem Defizit ass zum gréissten Deel. Wéi kënnt dat och anescht sinn, Steierreform!
Als Rentner, den als Jonggesell,wéi déi meescht Rentner, klasséiert gouf! Sinn gespaant wat dat bréngt!
Den Zentralstaat ass den Apelbatz an dem ganze Budget ! An do muss gespuert ginn! Den Apelbatz, muss beim Staat mat giers ginn!
Dat ass wéi an de Paus zou Diddeleng um Däich an de Schoul! Deen éischte sot, zou deem wou am Besëtz vum Apel war, looss mech eng kéier bäissen, den Drëtte huet gebiedelt géif mer de Batz!
Zwëschen den Zeilen ass ze liesen! Den CETA mat der Privatiséierung huet schonn ee Fouss an de Dier, no 2020!
CSV an ADR schloen Kopplabunz! Si verstinn net, datt trotz dem Bic mam Chips, net wëssen wou den Defizit hir kënnt!
Trennung vun Staat an Kierch, an opléisen vun de Kierchefabricken, déi ganz Chrëschtlech Sozial Léier, huet keng Léisung! Dat ass fir sech an den Hënneschten ze bäissen!
Virun ee puer Deeg, huet nach gehéicht: "Lëtzebuerg schwëmmt an de Suen"!
An CSV déi sech op Stir geschriwwen huet, fir de Premier an de nächste Regierung zestellen! 
Denkt drun léift CSV wéi vill Staatsschold dir dëser Regierung iwwerlooss hat?
Do fannen ech Léisung vun de "lénken" besser! Et dréit sech alles drëm fir sech dobaussen op dem glaten Parquet, de schéine Männchen ze maachen!
An Vollek,  stéiert de bloen Finanzminister net! Den Säitenaklammert an Regierung!
Dem Land geet et besser wéi 2013!
Dat maach esou sinn! 
Fro ass, geet et dee Leit, mat klengem Akommes och besser?
Wat den Congé fir Elteren de Staat kascht, wësse mer elo!
Déi Mammen déi doheem de Stot maachen an hir Kanner erzéien, wat déi kréien? Si schaffe jo net bei engem Patron?
Wat kascht dem Blokäppchen seng Flüchtlingspolitik, dee Lëtzebuerger Staat!
Et ass keng Hetz. Dat ass eng Fro?
Wou ass dat festgehalen um Stick?
Wat Reesen vun de Regierung an hier Begleedung kascht?
An wat geschitt? Mat engem Bierger den mat esou engem Bic am Ausland an eng Kontroll vun de Police fält? Geet hin direkt als IS verdächtegt!  
   
  

Keine Kommentare:

Kommentar posten