Dienstag, 18. Oktober 2016

Meenungsfräiheet

Meenungsfräiheet

Sëtzen de Mueren an enger gedréckter Stëmmung, virun mengem Rechner fir mäi Blog ze schreiwen.
Et ass mer wéi wann, Allerhellegen ob de 18. am Wäimount 2016 no vir geréckelt ginn wär!
Wat Haut um Kierchbierg vun de Ausseministeren aus de EU  ënnerschriwwen soll ginn!
Féiert do zou, datt déi Parlamentaresch Demokratien an de EU zum Deel ausser Kraaft gesat geet!
Zukunft vun de EU, hänkt dovunner of. Wat Seelschaften vum neo-liberal Wirtschaftssommet mam CETA zou léisst!
Nach eng Kéier, Frëndschaft zwëschen dem Lëtzebuerger an dem Däitsche Ausseministeren, ass ee Steppskär an den Aen vun de Demokratie zwëschen deene zwee Länner!
Ass déi Lëtzebuerger Aussepolitik een Unhängsel vun de Däitscher Aussepolitik?
Dat ass eng Fro dee ech schonn méi laang stellen? An ni eng Äntwert krut?
Virun dem Ofkommes mam Ofkommes vun CETA, gouf Lëtzebuerger Vollek ni gefrot op Vollek dat och wëll?
Huet eis nei Constitutioun nach een Wäert!
Ass dat déi Gesellschaftsform, déi vun de Regierung versprach gouf? Fënsteren grouss op maachen! An all déi Entscheedungen déi Regierung heelt, sollen Glaskloer dem Vollek erkläert ginn?
Haut mëscht den sozial-demokrateschen Ausseminister, am Numm vun de Gambia den Deckel drop!
An een Deel vun de Matbestëmmung vum Lëtzebuerger Vollek, geet ofgeschaaft!
Eis Neutralitéit, ass schonn méi laang duerch Päif!
Och wann Wieler eng nei Regierung wielen!
Ofkommes mat de CETA bleift! Dat huet Kanada ze verstoen ginn!
Eng politesch Ierfschaft. Déi fir eng Zäitlaang fir Generatiounen  eng Belaaschtung bleift!
Esou laang bis EU ofgeschaaft ass!
Wann Gerichter, wéi Verfassungsgeriicht zu Karlsruhe, mussen entscheeden wou Däitschland soll histeieren! Ass Däitschland, dann nach eng Parlamentaresch Demokratie? Oder ass Demokratie da schonn laang Spree of!
Mol kucken wat eis belsch Noperen maachen! Wallonie huet géint den CETA gestëmmt!
Geet déi Parlamentaresch Demokratie an de Wallonie, ausgeschloss bei de Zoustëmmung fir CETA?
Wann dat Zukunft vun de EU soll sinn?
Dann ass EU am Aasch!
An den Doudegriewer misst déi EU-Kommissioun sinn!
Dat alles, ënnert enger chrëschtlech-sozialer Féierung vun de EU!
Geet EU een zweet Griicheland?

Do wou Vollek näischt ze soen,
ass et mat Demokratie gedoen.
Regierung hat hire Wëllen ze soen,
no de Wahlen ass dat Alles gedoen!
Wat dann op Vollek duer kënnt,
dorunner CSV haut schonn spënnt!
Wéin déi verlueren Demokratie fënnt,
eng véier Parteien Regierung kënnt?

Ausseministeren déi Haut um Kierchbierg ze summen kommen.

Sinn Seeleverkéifer vum CETA Ofkommes !

Keine Kommentare:

Kommentar posten