Mittwoch, 28. September 2016

Mam LSAP - Schnellzuch duerch TTIP an CETA


Mam LSAP - Schnellzuch duerch TTIP an CETA

De Muergen huet de Bréifdréier mir mäi Zuchbilljee fir en Dënschdeg den 4. Oktober 2016 op Stroossen an de Center Barblé ze fouren, an Bréifkëscht geheit!
Ech soll mech um 18 Auer 30 presentéieren!
De Kongress fänkt Owend um 19 Auer un!
1. Ëmmer de selwechten Blabla!
2. Virstellen vun de Resolutiounen zum Thema TTIP an CETA!
3. Allgemeng Debatten!
 Opgepaast!!! Um Kongress kënnen Initiativvirschléi ( op mannst   10 Ënnerschrëften) fir Emaerungsvirschléi agereecht ginn, nëmmen bis 18 Auer 30!?
4. Ofstëmmen iwwer Texter.
5. International.

Himmel krënondikass!
Do sollen déi Delegéiert, ouni virdrun mat den Sektiounen oder an de Bezierker driwwer geschwat zhunn!
Iwwer Krich an Fridden an Europa ofstëmmen!

Bäi geluecht bei de Aluedung!

TTIP - eis Erwaardungen an eis rout Linn.

145 Zeilen op fënnef D4 Säiten!
Aus geschafft vun de LSAP Aarbechtsgrupp " Europäesch Froen"!
Wousst net dat et esou Grupp géif an d'LSAP ginn!
Wann ech net ee klenge Rentner wär, hätt ech een Affekot als Begleeder op meng Säit geholl, fir op de Kongress. Als Beroder!
Déi 5 Säiten ass Fachchinesesch!
An kënnt mir Virstellen dat vill Delegéiert iwwer eppes ofstëmmen, wou si den Seen net verstanen hunn!

Dat kann een net mat enger Parteibasis maachen!

Oder? Ass dat esou gewollt!

Een Vertrag vun iwwer 1 500 Säiten vum TTIP mam deem CETA op eng Quintessenz vun fënnef DA4 zesummen zpressen!

Kann keng gutt Parteiaarbecht sinn!

Et kann een net, sech als Sozial Demokraten outen! 
An dann International sangen!

Dat wär esou wéi wann ech als Fräidenker, Sonndes an de Kierch vu Keel, Mass géif liesen!

Villäicht? De Jangli fiert den Houwald erop. Mat elauter Sozial Demokraten hannendrop! 

Et deet mir leed, dat ass keng seriö Parteiaarbecht!  
 
    
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten