Stäreschnäizen
2013 hunn Wieler vu Lëtzebuerg bei de Chamberwahlen, mat hirem Vott fir eng Koalitiounsregierung vun dräi Parteien, DP, LSAP an déi "Gréng" gestëmmt!
Wieler haten decidéiert, mat hiren Stëmmen, CSV aus Regierung aus ze schéissen!
Een neien politeschen Komet Gambia huet um Lëtzebuerger Himmel geblénkt! Vun där Zäit un, gouf et een Reen vun Stäreschnäizen iwwer Lëtzebuerg!
An all Bierger, den een Stäreschnäiz gesinn huet!
Haten no de Theorie vun de Astrologen, déi zoustänneg sinn fir Horoskoper, dräi Wënsch fräi!
Déi Koup vun all deene Wënsch, gouf de Gambia ze vill!
An déi dräi Faarwen Regierung huet sech an hirem jugendlechen Liichtsënn. Decidéiert een Referendumm mat dräi Wënsch ze organiséieren!
De Referendumm huet aus dräi Froen bestanen. Déi véiert Fro gouf gestrach!
An gouf, fir Gambia eng ferm op Baken! 80 % vun de Wieler hunn bei Referendumm mat "NEEN" gestëmmt!
De Komet Gambia huet un Liichtkraaft verluer!
Hunn awer virun gewurschtelt! Bis dat si hiren politeschen Komet ob déi richteg Ëmlafbunn bruecht haten!
Haut no dräi Fënneftel vun hirer Regierungszäit. Géif ech soen ass hir Regierungsaarbecht net esou schlecht!
Am Ufank waren ee puer Memberen vun de Regierung, déi dee Bëlles erausgelooss hunn!
Si waren schnell geheelt!
Elo sinn et nach ee puer Politiker déi duerch hir iwwerdriwwen Arroganz op falen!
Mäh! Ech ech hunn Impressioun. Datt se vun hiren Parteien zeréckgepaff goufen!
Dat ass och gudde esou!
Mol ofwaarden wéi de Wieler sech 2018 bei de Chamberwahlen entscheet!
Et sinn nach keng Meeschteren vum Himmel gefall.
Och net an de Politik!
Keine Kommentare:
Kommentar posten