| Zu Zwei bis du selten allein |
Groussregioun vun de Aarbecht
Eng Regioun ouni Grenzen
Zuel vun de Frontalieren
klemmt ouni Grenzen.
Déi Leit ouni Aarbecht
geet iwwer Grenzen eraus.
Grenzbeem ofgeschaaft
Awunner an de Groussregioun
eng Heemecht ouni Grenzen.
Ouni Grenzen Aarbechtsplazen
Ewechrationaliséiert.
De jonken Leit hir Zukunft
an de Groussregioun
féiert an Aarbechtslosegkeet.
Dat International Kapital
méicht Gewënner ouni Grenzen.
Kultur huet all Grenzen gesprengt
ouni Grenzen ze ginn.
Déi Daf an de Groussregioun
héieren rabbelen vun Ketten net.
Aarbechtslosegkeet ass
een Prisong ouni Grenzmauren.
Ouni Grenzen sinn Schalterhalen
vun de fréieren Betriber.
Produktiounsmaschinnen
ginn an Muséeën aus gestallt.
An de Aarbechtswelt
spréngt een Gerücht
hin an hir.
Net nëmmen Aarbechter
kucken an eng schlecht Zukunft.
An de Groussregioun
geet et een GAU ouni Grenzen.
Wann onkontrolléiert Kettereaktiounen
an de Kettenreaktiounsuewen
fräi gestallt ginn.
An Groussregioun
ouni Grenzen bestralen!
jean bodry
27 am Huewermount 2016
Keine Kommentare:
Kommentar posten