Donnerstag, 7. Juli 2016

Schlecht gewéckelt

Schlecht gewéckelt

Wann eng Regierung? Wéi déi haiteg Regierung? 
Alles wat vun den Oppositiounsbänk kënnt! Of Bottert! Als politeschen Offall duerstellt!
Huet déi haiteg Regierung eppes ze verstoppen?
Wat net un Ëffentlechkeet kommen däerf!
Oder? Ass si vum demokratesche Wee ofkoum!
Et huet een Impressioun. Wéi wann dës Regierung, d'Oppositioun an eng politesch Tutelle, wëllt of schuppsen!
Déi Dräi aus de Regierungskoalitioun, sëtzen op de Regierungbänk, wéi wann si eleng fir Wuerecht zoustänneg wären!
De Monni Etienne kuckt dran. Wéi wann hien eng Roll an de Jonggesellenkëscht géif spillen. De Gréngen,  wéi wann hien seng Notenblieder verluer hätt. An de Premier ass eng nei Sort vun Helleger, déi fir Trennung vun Kierch an Staat. Awer Mëtteg um Nationalfeierdag am Te Deum sëtzen!
Ech mengen mat deene kann ee Krich gewannen!
Wann een dat Gesoten vun de Oppositioun an de Chamber net unhéilt! 
Net fir éischt hellt! Hellt een déi 48 % vun Wieler, déi duerch Oppositiounsparteien an de Chamber vertrueden sinn. Fir eng minderwärdeg politesch Wuer!
An dann wat, dat gesoten vun de Oppositioun, de Koalitioun op de Sack geet!
Spreng de Premier op. Wéi wann hien mat sengem Pupes  an engem Koup Harespelen gesiess hätt! An briedert, mat den Hänn gefaalt zum Gebiet, op Oppositioun an! Dat ass wann eng Regierung keng Äntwert op Froen vun de Oppositioun huet!
Regierungsparteien kënnen stolz op dat Resultat vun den Chamberwahlen vun 2013 sinn!
Awer agebilt! Wéi déi haiteg Troika vun de Regierung nun mol ass. Seet dem Wieler do baussen! Pass op! Déi hun eppes ze verstoppen!
Si kréien näischt richteg an Rei!
Majoritéitparteien sin net de privat Patron vum Lëtzebuerger Land an senger Bierger!
Och Oppossitioun huet Recht un de Politik hei zou Lëtzebuerg mat ze schaffen!
De Schreiwwer vun dëssem Blog, ass ken Wieler vun den Oppositiounsparteien!
Eng gréisser Zesummenaarbecht vun de Majoritéit an de Oppositioun wäer an engem Demokrateschen Staat schon ubruecht!

Keine Kommentare:

Kommentar posten