Sonntag, 24. Juli 2016

Ritter, Buergen, Schlässer

Buerglënster

Ritter, Buergen, Schlässer

Mäerchen fir beim schlechtem Wieder
Pappa! Haut hues du bestëmmt Zäit fir mer ze erzielen. Wéi dat fréier op dee Buergen an Schlässer zou  gaangen ass!
Jempi, ech hun déi Buergen an Schlässer nëmmen vun baussen gesinn! Wat bannen geschitt , kann ech der net vill erzielen!
Bei eis um Gehaansbierg stoung och eng Buerg! Fréier hun Ritter iwwerall, do wou ee Bierg, war eng Buerg gebaut!
Eisen Groussherzog mat senger Famillje wunnt och um Bierg, awer an engem Schlass!
An eise Groussherzog wunnt mat senger Groussherzogin, ee léng an dem grousse Schlass!
Pappa! An déi aner Leit fannen keng Wunneng!?
De Groussherzog muss esou ee grousst Schlass hun! Jempi!
Firwat, dann Pappa?
Majo! Hin huet 80 Leit Personal, an nach ee puer zerquëtschter! Déi all fir den Haff, fir de Groussherzog an seng Famillje schaffen!
Pappa! Dan huet de Groussherzog awer vill Sue!
Neen! Jempi! Dach! Dat Personal geet all vum Staat bezuelt!
De Bopa huet mer mol gezielt! Den Haff kritt 9 Milliounen € am Joer! An domadder muss de Groussherzog auskommen!
Jempi,den Haff huet méi Personal wéi een Altersheem, fir déi al Leit ze versuergen!
"Dat ass dach fir ee Fanger am Tutelaach ze briechen", hätt Boma getréischt gesoten!
Ech hun geduecht den Ierfgroussherzog an seng Madame wäre schlecht drun! Knapp bei Kees! Pappa?
Wou kënns du dann dorunner? Jempi!
Wëll si Kannerschéngercher ziichten!
Dat wéis ech net? Firwat sollen si Kanéngercher ziichten?
Mamm an Nopesch hun Geeschter, wéi si den Trottoir gekiert hun. Den ganzen Beschass vun de Woch duerchgeholl! Dat war spannend!
An do huet Mamm gesoten, dann sollen se et mol de Bock wiesselen?
Jempi! Du solls net esou vill nolauschteren, wat Fraen erzielen!
Pappa? Wat muss ech dann maachen fir Groussherzog ze ginn?
Näischt! Jempi!
Déi wou Groussherzog sinn, hun och näischt gemaacht!
Pappa! Datt doten ass ze vill  komplizéiert!
Erziel mer vun de Buergen an de Ritter!
Awer Haut net méi!

Keine Kommentare:

Kommentar posten