Mittwoch, 20. Juli 2016

Parlament fir déi Jonk

Parlament fir déi Jonk

Wéi gesot, Parlament fir déi Jonk, huet nëmmen eng Alibifunktioun, fir no baussen ze weisen. Chamber interesséiert sech fir politesch Meenung vun de Jonken.
Dat ass awer an Wierklechkeet net esou!
Ech kucken zeréck an déi Zäit wou ech jonk an politesch un de Politik vun de LSAP interesséiert war!
Wéi ech den 9. Abrëll 1949 an Jeunesse Sozialist opgeholl gouf!
Domadder huet meng Léier Zäit am Sënn vun de LSAP u gefaangen!
Als Diddelenger Jong, gouf ech mat den aneren Jonken, ënnert Obsiischt vum Biever Nik, an dem Jean Fohrmann geholl!
Do hues de gesot kritt, wat de däerfs soen an wat de net däerf!
" Paffen sinn net déi Leit déi an Kierch ginn. Paffen sinn déi wou mat de Relioun Politik an Geschäfter maachen"!
An dat sëtzt nach bis Haut!
De Virdeel vun de JS war! Du bass lues an lues mat un Aktivitéiten vun LSAP mat erun gezunn ginn!
Wann ech Réckbléck maachen, wat eleng zu Diddeleng spéider Politiker grouss goufen. Een éischte Bierger vum Land, Ministeren, Deputéiert, Buergermeeschteren, President vun LAV, an President vum Europäeschen Sëtz vun de Aarbecht zu Genf asw.! 
An de Gemengen mëscht LSAP eng super Aarbecht!
Haut geet an den LSAP-Sektiounen keng JS méi! Wéi géif sech och ëm déi jonk Sozialisten këmmeren! 
Gewerkschaftsheemer ginn et net méi!
Mer haten al Freideg eisen Staminet am Heim!
Um 10 Auer owents koum den Jängi, deen deemools Direkter vum "t" war, an huet "t" vun Sametteg matbruecht!
Och déi Familljen déi vun de jonken Sozialisten gegrënnt goufen waren aktiv an de LSAP! Hir Fraen an de FS.
LSAP ass eng Statuten-Partei! 
An et huet sech un de LSAP näischt geännert!
Awer intern vun de LSAP, do fänkt et un ze gären!
Verursaacht duerch hir Funktionären an de Regierung! Déi sech mat de neo-liberaler Politik offonnt hun. An selwer eng neo-liberal Politik bedreiwen!
Si ecken net méi un!
An dat schued de LSAP bei hiren Wieler!
LSAP huet ënnert dem Drock vun hiren Memberen, versicht Kéier ze huelen! Dat awer bewisen huet, datt dat net esou einfach ass!
Och den Uschloss un déi Fräi Gewerkschaften. Muss keng Hëllef  fir LSAP sinn!
LSAP muss eng Fräi Partei bleiwen!
Well déi wou LSAP wielen sinn net nëmmen Gewerkschaftsmemberen!
Méi een lénken Drall an de LSAP géif näischt schueden!

Keine Kommentare:

Kommentar posten