Nohëllef fir dee Spëtzekandidat
De Robert Goebbels huet an sengem Forum geschriwwen: " de Wiseler Claude geet keen Jean-Claude"!
Dat ass jo schonns mol eng gutt Saach!
CSV huet een Spëtzekandidat, awer keen Konzept an keen Programm fir déi nächst Regierung. Am Kriibskueref vun de CSV do rumouert et!
Dat ass déi Situatioun, déi een beim Schreiwer senger Partei, de LSAP erëmfënnt!
Fir den "t"-Lieser ze soen dat si den Claude Wiseler mat senger Partei net sollen Wielen! Ass de Forum ze vill mat Schachtelsätz gespickt! An bréngt säi Konzept net op de Punkt!
Eso Forumen sinn keng Ënnerstëtzung fir déi haiteg Regierung!
Et geet jo bei den nächsten Wahlen drëm fir ze verhënneren, datt CSV an Regierung kënnt!
Also misste mer eis mol virun alleréischt ëm LSAP bekëmmeren!
Dat déi nëss vertrauen vun de Wieler erëm kritt!
Wëll am Kribskuerf vun de eiser LSAP, ass och eng onkontrolléiert Onrou ausgebrach!
Loosse mer de Bal flaach halen!
Bis 2018 bleift de LSAP nach vill Aarbecht!
Keine Kommentare:
Kommentar posten