Freitag, 22. Juli 2016

Niwwel um fréien Muergen

Niwwel um fréien Mueren

De Niwwel um fréien Mueren, léist sech am Laf vum Mueren nëss op!
De politeschen Niwwel, den iwwer de EU an dem Recht vun Europa hänkt, léist sech net an engem Mueren op! Fir de Sonn Platz ze maachen! Fir den Fridden!
Et ass eng beängtesch Stëmmung déi sech breet mëscht! Déi dréckt op Gemidder vun den europäeschen Bierger dréckt !
Déi Bierger déi an den Sozialen Netzer schreiwen. Sollen net den Däiwel un Mauer molen!
Et ass nun mol net alles nëmmen schwaarz-wäiss! Den groen Deel, ass fir den Ament schonn zimlech donkel gro.
Fir den Ament sinn mer hei zou Lëtzebuerg nach an engem fräien Raum! Mir mussen eis, trotzdeem drop astellen, fir déi vill Engagementer déi Gambia bei de Preparatioun fir de Krich an Europa geholl huet! Ass Lëtzebuerg dobäi wann et ee gudden Dag an Europa rabbelt!
Eis Haaptstad Lëtzebuerg wou sech fofzeg Prozent vun den Aarbechtsplaze vun ganz Lëtzebuerg befannen, mat all deenen Europäeschen Institutiounen um Kierchbierg, ass een ganz exposéiert Zill bei engem Ugrëff fir eis Géigner!
Déi ganz Kuebelbotsch voll Onrouen an de EU.
Véier Staaten aus dem Osten schléissen sech zesummen, géint Flüchtlingspolitik an wëllen net méi Däitschland, mat de Madame A.Merkel méi mat zéien! Si wëllen selwer entscheeden wat gutt ass fir  hir Länner!
Tierkei sëtzt Mënscherechter ausser Kraaft!
Den Intellekt vun de Tierkei dierf net méi ausreesen!
Dausenden liewen an Handschellen!
Tierkei ass ee Beispill wéi een net Politik soll maachen!
Anersäits däerf een net vergiessen, datt EU-Kommissioun eng schlecht Aarbecht gemaacht huet!
Si huet Mënschen an de EU vergiess!
Nëmmen Wiertschaft an Banken zielen!
Dofir mussen Politiken an de Länner vun de EU gestäerkt ginn, datt Europa , d'EU net méi brauch!
Britten hun gewisen, datt et geet!

Keine Kommentare:

Kommentar posten