Samstag, 16. Juli 2016

Liicht an Reliounen

Liicht an Reliounen

Liicht an Reliounen sinn zwou Geschwëster, déi sech net ausstoen kënnen! So geet et och an Familljen zou, déi no baussen super ausgesinn! An bannen am Haus, zerschloen si sech wéi Nësssäck! Wann dat an de Familljen esou ass. Dan ass dat esou!
Wat op de Esplanade zu Nice geschitt ass?
Wär héichs wahrscheinlech an Amerika net vir koum. Wann an Amerika de Chauffeur vum Camion no den éischten Zeechen von de Police, net stoen bliwwe wär! Hätt hien déi nächst zwanzeg Meter net iwwer lieft! An et wären keng Doudeger ginn!
Bei menger éischter Vakanz am Joer 1962, war e ech vir d'éischt zu Nice! Deemools schonn war Promenade des Anglais fir eis een Tabu. Mer sinn an Cave Niçoise bei den Schmit, hien war Lëtzebuerger, iessen gaangen. An mer hun eis Côte de beouf à la Vilette gutt schmaachen  gelooss!
Do  huet de Mëttelstand an de Strummert zesummen gemaufelt!
Wann ech haut Biller an de Medien gesinn! Wou déi onschëlleg Leit massakréiert goufen! Wat liewe mer, an enger houerer Welt.
Op de enger Säit, déi wou sech déi Hotellen kënnen leeschten an näischt un si kënnt!
An vis-à-vis op de Esplanade ginn déi Leit massakréiert, déi sech keen esou een Hotel kënnen leeschten fir Fréideféier ze kucken!.
Firwat mussen Bierger, déi Mäerder iwwer sech ergoen loossen!
Firwat sinn ni Politiker ënnert den Doudegen?
Nëmmen Mënschen aus dem Vollek déi higeriicht ginn!
Mënschen deen keen Offloss op Politik vun Frankräich hun! Déi nëmmen als Gaascht, déi Moment op de falscher Platz waren!
Mat deene Seriemäerder, bréngen si Onroue an Vollek. 
An Just! Dorëm geet et!

Keine Kommentare:

Kommentar posten