![]() | |
| Kierch vun Pisseng |
De Staat bezilt! Awer...
Den Inneminister huet schonn vill gesote an versprach. Awer...
Et ass net einfach fir Gambia, eng gerecht Politik beim finanzéieren vum Schued an de betraffenen Gemengen ze maachen!
Et wärd hei net anescht goen, wéi an deenen aneren Länner wou so Naturkatastrophen fir kommen!
Fir éischt geet Kierch mol an Rei gesat!
Dan kënnt de Schued vum Staat!
An dann kommen déi besser bemëttelt, déi de uriichte Schued kënnen virfinanzéieren!
An dann kommen déi Familljen déi um Späicher oder iergendwou Ënnerdaach fonnt hun un Rei.
Bei den Assurancen huet mech eppes stëtzeg gemaacht!
Et hätt een kënnen denken, wär een Kalstelle! So koum de Neen fir näischt ze bezuelen!
Sinn eis Assurancen da net Réckversécherung! Fir, datt si Käschten bei esou Naturkatastrophen kënnen bezuelen!
Assurancen déi Joer fir Joer ëmmer grouss Beneficer maachen!
Autoen mat Kasko ginn entschiedegt!
Meng Assurance gesäit fir bei Vandalismus fir den Schued opzekommen!
Awer beim Vandalismus duerch eng Natur déi ausser Rand an Band geroden ass. Bezilt Assurance näischt!
De Inneminister wärd och nëmmen een Deel vum Schued bezuelen!
Ass de Staat duerch déi schlecht Infrastrukturen am Ländleschenraum mat schëlleg un de Schied bei de Privatleit!
An de Bauer mat sengen 34 Kee, muss deen elo de Mëschtgreef um Mëschtkoup stoen loossen!
Oder ass Solidaritéit vun den vum Staat subventionéierten Bauerebetrib méi grouss!

Keine Kommentare:
Kommentar posten