Mittwoch, 13. Juli 2016

Eng Demokratie op Krätschen

Eng Demokratie op Krätschen

Wéin Geeschter den 13. Juli 2016, den Debat iwwer Subventionéierung vun den sechs Glawensgemeinschaften, verfollegt huet!
Konnt feststellen, wéi Regierungsparteien sech agesaat hun, fir datt keng wierklech Trennung vum Staat an de Reliounen soll zou stan kommen!
CSV hat sech mat hirem Spriecher an den Artikel 106 verbass. An ass aus deem selwer geluechten Dilemma net méi erauskomm.
Op eemol hun Luuchten an de Chamber ugefaangen ze wackelen, wéi déi bloen Rapporter um Riednerpult vun de Chamber. Mat de Wuerecht eraus koum ass. Et geet hei zou Lëtzebuerg keng Trennung zwëschen dem Staat an de Reliounen!
Dat Stéck Pabeier wat vun de Regierung mat de Reliounen ënnerschriwwen huet. War net fir eng Trennung vun Staat an Reliounen. Neen! Mat den Ënnerschrëften sollen Reliounen mat hiren Kierchen, méi eng grouss Fräiheet kréien! An gestäerkt an Zukunft sech un onser Gesellschaft bedeelegen!
Et war een politeschen Gesondheetscheque!
Den Spriecher vun de LSAP-Fraktioun an de Chamber, huet nach een Stéck vun de Krätschen, drop geluecht! "Kierchen sinn ee Bestanddeel vun eiser Gesellschaft awer net vum Staat"! Fir unallem hätt kathoulesch Kierch, ëmmer vun de Regierungen profitéiert, wou LSAP een Koalitiounspartner war!
Mam Fraktiounszwang vun de Regierungsparteien sinn déi sechs Gesetzer mat 32 Stëmmen, 26 mol Neen an zwou Enthalungen ugeholl ginn!
Den ADR- Spriecher huet op eng Erpressung hin gewisen!
Beim sträichen vun de véierter Fro beim Referendumm!
De Chamber-President huet hien net zeréck gepaf! 
Esou, datt Nolauschterer kënnen unhuelen, datt dat de Wuerecht entsprécht!
Et gouf esou guer behaapt de Lëtzebuerger Staat wär een "laizisteschen" Staat!
LSAP muss sech froen? Op si nach eng laizistesch, sozialistesch an Aarbechterpartei ass!
Well mat hirer Bedeelegung un de Regierungspolitik, ginn et ëmmer méi Aarmer. Anersäits ginn et och ëmmer méi Räicher!
Een Zeechen dat Sozialpolitik vun de Gambia, vill Ongerechtegkeeten schafft!
Nach eppes géif mech als Steierzueler interesséieren? Wat kaschten Reliounen den Steierzueler wierklech? Gehälter an Renten vun de Kleriker. An den Defizit vun den Kierchefabricken!
Wierklech?

Keine Kommentare:

Kommentar posten