Montag, 11. Juli 2016

Déi falsch Prophéiten

Déi falsch Prophéiten

Si beim Entworf fir déi Neier Constitutioun, déi falsch Prophéiten um Wierk?
Kann eng knapp Majoritéit an de Chamber, déi nëmmen duerch een Fraktiounszwang um Rudder bleift? Zoustänneg fir eng Nei Constitutioun op Pabeier ze bréngen? Mat de Hëllef vun de Oppositioun!
Eng Regierung déi beim éischten Referendum, wou Wieler mat 80% mat "NEEN" géint de "JO" vun de Regierung gestëmmt huet. Huet bewisen datt se net vill vum Wieler senger Méinung hält!
Si hun zwar de Versuch gemacht fir eng Trennung vun Staat an Reliounen duerchzesetzen! Déi ni ganz gelongen ass! An Haut nach ëmmer drun gepléischtert geet!
Den Nationalen Feierdag gouf zu enger Zivilfeier!
Wann awer am Nomëtten, Organisateuren vun de Zivilfeier, am Te Deum sëtzen! Däerf een esou Politiker als Opportunisten klasséieren? Do ass bei de Zivilfeier, ouni Kap an Häerz fir Lëtzebuerg geschafft ginn!
Si hun och fir déi gläichgeschlechtlech Koppelen Gesetzer duerchgesat! Dat war och gutt esou!
No mol éierlech? War dat de groussen politeschen Worf vun enger Regierung, déi behaapt huet eis Gesellschaft ze veränneren! De Klerus lieft och nach Haut wéi Mueden am Speck an eisem Lëtzebuerger Staat!
Fir wat geet Vollek mat sengen Stëmmen, net gefrot. Op si léiwer an enger Republik. Oder weider an engem Staat mat enger Representativer Monarchie wëllen liewen?
Virwaat hun déi Matbierger mat enger zweeter Nationalitéit, déi gläicher Rechter bei de Wahlen, wéi Lëtzebuerger mat enger Nationalitéit!
Ech mengen an engem Staat wéi Lëtzebuerg kann een vill mat Sue maachen! Awer déi zweet Nationalitéit ass eng Täuschung! An ass schlecht fir eisen Staat!
No den lëschten Chamber-Wahlen ass eist Land gespléckt!
An de Regierung ass eng Partei, déi quasi vum Wieler, ofgewielt gouf!
Ass awer ze soen bei de Koalitiounsgespréicher mat den zwou aner Parteien gläichgestallt ginn!
Dat huet dozou bäigedroen, dat déi Partei mat de meeschten Stëmmen. An domadder een groussen Deel vun de Wieler aus de Féierung vum Staat ausgeschloss gouf!
Lues an lues verléieren déi dräi Regierungsparteien ëmmer méi Vertrauen vun de Bierger! Si ginn nach gelidden bis déi nächst Chamber-Wahlen! So ass geknoutert op de Strooss!
Et muss een sech, als Wieler froen! Wat bréngt déi Nei Constitutioun, un méi Demokratie an Fräiheet fir de Wieler?
Déi haiteg Regierung, entschéid vill iwwer Käpp vum Bierger erwäch!
De Bierger gouf ni gefrot op Hien mat senger Kanner an engem Staat vun 1,5 Milliounen Awunner wëllt liewen! An seng schéin Gréngëmwelt duerch Betoun ersat soll ginn?
Lëtzebuerger Land gehéiert weder de Regierung nach de Monarchie! Lëtzebuerg ass de Liewensraum vun de Bierger, den muss erhalen bleiwen zum Gudden fir seng Bierger!
Mat där Politik lafen déi nei politeschen Prophéiten an eng Mauer! Déi si selwer opgebaut hun!
Et bleiwen nach vill Froen op!
Bevir den Wieler soll beim Referendum ofstëmmen. Muss hien wëssen wat an de Neier Constitutioun dran steet. Bevir hien beim Referendum kann ofstëmmen?
Mat de Neier Constitutioun geet dem Bierger fir weider 200 Joer Recht op eng Republik entzunn! 
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten