Samstag, 30. Juli 2016

De Parfum, an Vertrauen

Op de Bänk meng Fra, Germaine

De Parfum, an Vertrauen

De Parfum verléieren mat de Zäit, Opmierksamkeet vun hiren Matbierger!
Deen deieren Parfum verflitt! An et kann esou guer virkommen, datt den deiersten Parfum bei verscheeden Leit, sténkt!
Vertrauen ass ass eng perséinlech Usiicht! Sou vertrauen ech nëmmen zwee Ministeren an de haiteger Regierung vun dem wat si soen. Dem Romain Schneider an dem Nicolas Schmitt!
Si stellen sech net ze oft an déi oppen Regierungsfënsteren fir hir gutt Aarbecht dem Wieler mat ze deelen!
Wann déi zwee Ministeren eppes soen, dann ass dat och esou!
Beim Rescht vun de Regierung, zweiwelen ech ze oft un de Wuerecht.
Beim fréieren Premier, do huet een gewosst, datt hien selwer gesot huet: "Als Politiker muss de heiansdo léien"!
Do hat een Méiglechkeet sech drop anzestellen. War dat eng Ligen oder Wuerecht! Et war een politeschen Quiz!
Awer déi haiteg Regierung, ass ugetrueden, Fënsteren weit op ze maachen, an de Leit, Wuerecht ze soen!
Ech kënnt mer virstellen, dat an muenchen Ministère et fatzeg mëffelt, well net genuch gelëft gëtt!
Wär frou wann ech mech géif ieren
D'Onzefriddenheet beim Bierger kënnt op. Wëll Vertrauen, wéi den Doft vum Parfum, iergendwann an de Landschaft verschwënnt!
Wéi elo Regierung verlauden gelooss huet. Familljeministère iwwerhëlt Verantwortung beim verdeelen vun Saachen an de Suen!
30 Milliounen Euro!
Dat ass alles Relativ einfach. Normal wär dat de Beräich vum Inneminister!
Awer DP gedenkt Stëmmen ze sammelen bei de nächsten Chamberwahlen!
A Propos Chamber, an de lescht huet een Impressioun, datt Fraktiounen vun de Regierungsparteien an de Chamber de Stëbssuckler vun de Regierung sinn!

Keine Kommentare:

Kommentar posten