Samstag, 11. Juni 2016

Wéini geet Summer

Wéini geet  Summer

Erëm sou eng Nullnummer vun de Regierung!
Si maachen alles fir net erëm gewielt ze ginn!
Lëtzebuerg kritt elo eng Platz am Europapark niwwend dem "Silver Star"!
Wann ee Fotoen kuck, wat alles do zesummen gelaf ass, fir déi Platz an zeweihen! Natierlech ouni Paschtouer!
Fir den Opwand vun Ministeren, Schauspiller, asw! Fir déi Sue hätt ee vill Kanner, wou Elteren keng Sue hunn, kënnen an den Europapark schécken!
Lëtzebuerger Regierung  brauch déi politesch Nullnummeren net!
Elo geet ee Biergerforum vun de TNS Ilres duerchgefouert, an zwar iwwer eis Constitutioun!
Hei sollen Bierger Froen beäntwerten! Wat bis elo geheim war! Wat fir eng politesch Parteien si gewielt hunn fir an Chamber an EU-Parlament!
An dann mat dem Resultat, sollen Bierger mëll gekacht ginn. Fir beim Referendum mat "Jo" ze stëmmen!
Ech mengen all Wieler den zweiwelt un de neier Constitutioun huet, muss sech net um Forum deel huelen!
Fir dee Demokratesch Prinzipien hei zou Lëtzebuerg net an Fro ze stellen!
Dat kënnen Parteien aus de Chamber maachen. An ëffentlechen Versammlungen!
Et kann net sinn, datt dat vun enger privat Firma gemaacht geet!
Mer hunn nach ëmmer hei zou Lëtzebuerg "Fräi Wahlen" an eng "fräi Meenung"!
An esou soll dat och bleiwen!
Bei de nächsten Chamberwahlen 2018 wärd TNS Illress de Wieler froen? Wann Dir ee Sonndeg Wielen gitt! Wat fir eng Partei géift dir wielen!
Dat kann dach net sinn!

Keine Kommentare:

Kommentar posten