Wéi an engem Haiserblock mat 28 Wunnengen
An déi Wunnengen sinn mat 28 Familljen, vun grad so villen Stéit aus 28 verschidden Länner bewunnt! All Famillje huet hir Traditioun aus hiren Länner mat bruecht!
Do kann ee soen, dat et mat Momenter zougeet wéi an enger Kasären!
An am Haff vun dem Wunnblock, liewen Flüchtlingen!
Datt et an sou engem Haiserblock, ënnert de Bewunner zu Reiwereien an Gemauls kënnt ass normal!
An datt mol eng Famillje plënnert wéi den aus Brittanien, misst eng normal Saach sinn!
Een allen Mummen!
Méi do steet am Wunn Kontrakt am Artikel 50! Genee geschriwwen wéi Wunnecht muss sinn! Wann geplënnert geet!
An do passt den Hausmeeschter, vum Haiserblock genee op!
An déi Däitsch Matbewunnerin, ass Foxdaiwelswëll. Datt dat geplënnert esou laang soll daueren!
Elo huet si an enger Phase vun Héichemblutdrock, den Bewunner vun Frankräich an Italien, an de Keller vum Block bestallt, fir sech ofzespriechen, wéi si sech sollen verhalen! Mat den Britten, hun alles kritt vun d Wunngemeinschaft fir hir Wunnecht so schéin wéi méiglech an zeriechten!
An do am Keller sëtzen de Zwee déi just mat Puff hire Loyer kënnen bezuelen!
An déi aner Familljen déi am Block wunnen goufen net agelueden!
Dat sinn fir déi Däitschbewunnerin. Déi mam Bluttsäckelchen ënnert dem Aarm!
An dobai ass déi Famillje aus dem klenge Lëtzebuerg. De Musterschüler an dem Wunnblock!
Och déi Däitsch Famillje platzen vun Näid! Wann se gesäit wat Leit vir Renten hunn. An Sozialversécherungen! Super!
Dat erënnert mech ee wéineg un déi zwee Monterer, wéi se laanscht ARBED Gebai gaangen sinn. Sot den wou Düsseldorf, deen op enger Mansarde gewunnt huet: "Do steet eppes wéi mai Elterenhaus"!
Domadder ass alles iwwert déi Däitsch Famillje gesoten!
Ech hoffen, datt déi Britesch Wieler sech net geirrt hunn!
Hiren Wunnegswieselt ass villäischt gutt fir déi aner Familljen am Haiserblock!
Keine Kommentare:
Kommentar posten