Samstag, 25. Juni 2016

Wat eng Woch

Wat eng Woch

Gehaansdag hunn mer eise Nationalfeierdag zelebréiert mat alles wat mir hunn!
Alles war super, Zivilfeier an de Philharmonie, Militärparad, an Wieder huet mat gespillt! Firwat? Den Te Deum?
Eis Groussherzogin war och nëss um Dill! 
An wat et Ouwends am Palais ze frupse gouf, ass ëm Vollek net bekannt!
Iwwer Asteroiden an de neien Lëtzebuerger Fändel gouf kee Wuert gesot! An dat war och gutt esou!
Awer soss sinn Mer eng flott Multikulti Gesellschaft, no baussen!
Bannen an där Gesellschaft ass an de leschter Zäit vill Spannung op komm! Et rumouert!
Baueren aus dem ganze Land, hunn Trakteren prett fir Muer op de Kierchbierg ze rullen!
Awer den Dag vun eisem National Feierdag, hunn se an Groussbrit-
anien an engem Referendum ofgestëmmt fir ee raus oder dran bleiwen an de EU!
Wéi ëmmer an iwwerall wou Politiker dem Wieler Méiglechkeet ginn fir zou engem Sujet hir Meenung däerfen ze soen. Ass ëmmer zum Nodeel vun de politescher Wuerecht!
Wéi mer beim Referendumm mat 80% mat NEEN gestëmmt hunn! Huet Gambia gemaacht wéi wann et kee Referendum ginn hätt!
An Brittanien sinn 51,90% duer gaangen dat de Premier Cameron säin Hutt heelt!
A nom Vote war den EU-Kommissioun  President paff an getouft. an huet gemotzt!
Dat et an Brittanien eng Majoritéit geet, déi net méi wëllt an de EU bleiwen! Dat huet kee vun de Politiker sech afalen gelooss!
Mer hun alles gemacht fir Brittanien! Hunn se getrotert!
Awer fir déi Majoritéit, déi fir déi Mënschen, déi fir den Austrëtt gestëmmt hun. Huet déi Europäesch Kommissioun näischt gemaacht! Oder? Dass net bei hinnen ukoum!
Wéi op enger Rutschbunn, sinn Bourssen, dat Britescht Pond, an den Euro an de Keller gerutscht!
Den President vun de EU-Kommissioun, wäisst den Kap. An fuerdert, dat Briten esou schnell wéi méiglech EU ze verloossen!
Awer Briten huelen sech Zäit bis den Oktober!
Fir déicht mussen Britten een neien Premier fannen, deen mat de EU verhandelen kann! Oder? Wëllt?
Lëtzebuerger Bankeplaz wäert och ee puer Schrummen ofkréien!
Vill Briten déi hei zu Lëtzebuerg wunnen, wëllen elo wo Kand am Pëtz leid! Lëtzebuerger ginn!
Ee Vollek wat kee Charakter huet?
Loosse mer mol of waarden op net nach eent oder anert Land EU verléisst?
EU soll bleiwen!
Awer an engem aneren Opbau an mat aneren Politiker!
EU Kommissioun muss op halen den Länner ze diktéieren wat si ze maachen an ze loossen hun!
Et ass net normal, dat Lëtzebuerg ee Virprojet vun eisem Budget op Bréissel mussen schécken . An wann EU jo seet! Jo dann...
Léif Frënn vum mengem Blog, en schéine Dag egal vun wou de mech liest!

Keine Kommentare:

Kommentar posten