Dienstag, 14. Juni 2016

Lëtzebuerg am Ëmbroch

Lëtzebuerg am Ëmbroch

Lëtzebuerg ass am Ëmbroch. 
Wouhin de Lëtzebuerger Staat histeiert an wat seng Ziler sinn? 
Kann Politik, eis fir den Ament net soen!
Regierung Politik, kann een net um Wäschbur bespriechen!
Déi momentan Politik, déi vun de Regierung duerchgezunn geet, géif deem Bierger an  Lëtzebuerger Land net schueden!
Dat ass schonn mol eng gutt Saach!
De Lëtzebuerger Staat soll an senger haidegen Strukturen net  verännert ginn!
Monarchie bleift. Déi r. k. Kierch schleefe mer esou mat bis Päifenneijoerschdag!
Déi Aarm bleiwen aarm! An déi Räich ginn méi räich!
De Lëtzebuerger Staat brauch nei Ressourcen, fir eisen Sozial-Staat   ze erhalen!
Dat ass eng politesch Visioun vun de Regierung fir Zukunft vum Land!
Eng nei Wëssenschaft soll hei zou Lëtzebuerg, Industrie mat hiren Schmelzen ersetzen!
Net méi spéit wéi Geeschter huet dee Wirtschaftsminister, mäi Parteikolleg, deen éischten Asaatz vun fënnefanzwanzeg Milliounen Euro, an déi gemeinsam gefouert Firma, fir ënnert deem Fräien Himmel Asteroiden ofzebauen!
Zukunft besteet doranner, datt zou Lëtzebuerg nei Aarbechtsplazen sollen entstoen!
Fro déi sech stellt! Wou hunn Kanner hei zou Lëtzebuerg eng Schoul, déi se op déi nei Aarbechtsplazen preparéiert!
Normal meescht eis Regierung, dat wéi den F.C. Bayern! Si kafen déi Spiller wou si brauchen an!
Lëtzebuerg geet gefouert vun dräi Presidenten!
De Premier Xavier Bettel ass zoustänneg fir Land no baussen ze representéieren! An dat meescht  ass gutt!
Den Etienne Schneider, als zweeten Premier bekëmmert sech ëm Wiertschaft an gräift no den Asteroiden!
An François Bausch ass zou stänneg fir Nohaltegkeetpolitik vum  Bëtong!
Eng Troika, wou Aarbecht opgedeelt ass!
Wéi nom Ëmbroch Lëtzebuerger Land ausgesäit! Dat ginn mer méi spéit gewuer!
Spannend ass et schonn!
Si hunn nach Zäit bis 2018 fir Chamberwahlen!
Fir déi ze gewannen?
Mussen si eppes opweisen hunn! Dat déi haideg Politik op de  Kap dréint!
Op hinnen dat gelenkt?
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten