Hien ass nach net begruewen
Sinn seng politesch Iewen, schonn dobai, seng hannerloosse Ierfschaft opzedeelen!
Dat ganz erënnert mech un de Mann, deen op Begriefnes vun de Giedel koum ass! Wéi hien gefrot huet:" wéi ass de Gebrauch bei Iech. Geet nom oder virum Begriefnes gekrasch"!
Den EU-Kommissiounspresident kësst den Nigel Farage fir him Merci ze soen, wëll hien esou gutt gehollef huet fir Britten aus de EU eraus ze geheien! Eso eppes gouf schonn mol an de Bibel! De Judakuss!
Véier Staaten aus dem Osten vun de EU! Géifen gären dem Keeser aus de EU lass ginn!
Mam Hannergedanken, datt Jiddereen deen an de Plenum vum Europa-Parlament kënnt, muss blosen! Mat enger Nulltolleranz beim Alkohol!
Elo! Wou si nach zu 27 Staaten an de EU sinn. Ginn Fuerderungen vun de EU un Länner fir méi Sue, aneschter verdeelt!
Elo geet sech gefreet, iwwer al Korint aus dem Kuch! Méi och do sinn eemol keng Korinten méi am Kuch fir erauszepicken!
De Lëtzebuerger Premier ass am drëtten Léierjoer. Elo geet hien ee politesche Gesell. Op hien no 2018 nach eng Schafft fënnt. Doriwwer entscheet de Wieler!
Och opdeelen vun de Flüchtlingen ouni Britten, ginn net méi einfach!
Looss mer mol kucken wat an de nächsten zwee Joer, nach alles an de EU geschitt!
Keine Kommentare:
Kommentar posten