Montag, 13. Juni 2016

De Lëtzebuerger Fändel






De Lëtzebuerger Fändel

Wann ech mech un Kannerzäit erënneren. Wat waren meng Elteren stolz drop eise Lëtzebuerger Fändel mat enger gëllener Spëtz konnten aushänken!
De Lëtzebuerger Fändel mat sengen dräi Faarwen war een Zeechen vun Fräiheet!
Bis datt Préissen komm sinn!
Do gouf ophänken vum Lëtzebuerger Fändel verbueden! 
An gläichzäiteg haten Bierger een groussen Deel vun hirer Fräiheet verluer!
Rout-Wäiss-Blo war schonn ee staark Symbol fir eis Onofhängegkeet!
So muencher Zwangsrekrutéierten hat an sengem Portmonni ee kleng Stéck vum Lëtzebuerger Fändel verstoppt. An de Hoffnung an de Gefaangenschaft seng Nationalitéit kënnen ze beweisen!
Wéi mer zu Diddeleng op Amerikaner gewaart hunn. 
Sinn Preisen komm!
An fir Munscher war dat den Doud!
Aner setzen am "Wal" op franséischer Grenz zu Zoufftgen an Roudemacher ze waarden, datt Preisen iwwert Musel waren! An sou muencher Lëtzebuerger Preis mat geholl hunn, an dat Däitsch Räich!
Virdéicht hunn si de Lëtzebuerger Fändel ob de Diddelenger Gemeng erof geschoss! Een Zeechen fir den Awunner hiren Wëllen ze briechen!
Ech mengen de Lëtzebuerger Fändel ass Haut an enger Multikulti Gesellschaft, nach ëmmer ee staark Symbol vun Lëtzebuerg!
An mer sollen stolz op eise Fändel sinn.
Am Quartier Italien an Tattenbuerg an op de Schmelz houngen och Lëtzebuerger Fändelen eraus bei den Immigréierten.
An vill vun hinnen waren Resistenzler! Si hunn hir't Liewen op Spill gesat fir Lëtzebuerg, an esou muencher Immigrant huet säi Liewen verluer. Wëll hien ee gudden Lëtzebuerger Patriot war!
De Lëtzebuerger Fändel war een Zeechen, datt Immigratioun reusséiert war!
An Haut?
Dat wéi haut de "Lëtzebuerger Fändel" duer gestallt geet. 
Ass ee Stéck Stoff, wou Foto drop gedréckt sinn. 
Dat ganz't huet näischt mat Foto als KKonscht an mat eisem Lëtzebuerger Fändel ze dinn!
Mat menger erlieften Vergaangenheet huet de Begrëff vum "Lëtzebuerger Fändel" een aneren Symbolesches Wäert!
Wéi déi Bierger, déi nom Krich gebueren goufen!
Sinn een einfachen Lëtzebuerger, den ouni Haass sech de häiteger Gesellschaft, wou Immigratioun net richteg gelongen ass, sech ugepasst huet!
Ee Puer Lëtzebuerger Symboler musse mer behalen!
Och wann vill Leit mengen, Lëtzebuerg wär eng Banannerepublik!
Aus Respekt virun all deene Lëtzebuerger déi ënnert dem Lëtzebuerger Fändel ermuert goufen!
Wann ech gelift! Nënnte dat Stéck Stoft wéi  dir wëllt!
Awer net den "Lëtzebuerger Fändel"!
An déi grouss Lëtzebuerger an de Chamber. Déi hiren Eed op Constitutioun ofgeluecht hunn!
Missten wëssen, datt eise Fändel duerch eis Constitutioun geschützt ass!
Kann et sinn, datt dat mat Foto bedrécktem Stéck Stoft vun de Regierung subventionéiert geet?

Keine Kommentare:

Kommentar posten