Mittwoch, 25. Mai 2016

Wéi ass dat ze verstoen?

Wéi ass dat ze verstoen?

"Etat d'Urgence": Gefor oder Schutzwall?
Bei esou enger Iwwerschrëft kann engem Bierger, säin Mo sech schonn ëmdréinen!
Wat wëll Regierung duerch ofänneren vum Artikel 32.4 vun de Constitutioun? 
Bierger fir un hirem eegene Staat schützen!
Oder geet dat ganzt, géint Meenungsfräiheet, Reliounsfräiheet, Recht op Streik, an Wahlen ënnert Polizeischutz?
Wann Rechter vum Aarbechter ausser Kraaft gesat sinn! Ginn Entloossungen duerch Patronat vill méi einfach!!!
Wéi schwaach muss eng Regierung sinn? 
Déi Vertrauen an hir Bierger verluer huet! 
Geet Lëtzebuerg enger Zukunft entgéint, wéi an Frankräich oder nach schlëmmer wéi an de Tierkei!
Dat sollen Bierger och nach gutt oder schlecht fannen, wannen se beim Referendumm fir oder géint déi nei Constitutioun  ofzestëmmen!?
Ech hunn ee ganzt mullmech Gefill!
De Groussherzog kann, den "Ausnamezoustand"  proklaméieren!
An no zeng Deeg geet eréischt Chamber ëm hir Méinung gefrot?
Dat heescht an deenen éischten zeng Deeg vum "Ausnamezoustand" ginn Vertrieder vum Vollek net gefrot!
Geriichter, Police an Zaldoten brauchen sech net un Gesetzer ze halen?
Ass dann Demokratie hei zou Lëtzebuerg ausser Kraaft!
Et ass keng Institutioun déi vum Vollek gewielt gouf! 
Déi Recht kritt, Rechter vum Bierger fir zeng Deeg ausser Kraaft ze setzen!
Do ginn Erënnerungen wakereg! Vun 1917 bis 1921!
Dat Regierungen net méi Vertrauen an hiert Vollek huet!
Si versicht eng Constitutioun ze  konstruéieren, déi hinnen Méiglechkeet geet dat schaffen Vollek ze knebbelen, an Méiglechkeet ze kréien fir em Vollek een Maulkuerf unzedoen!
Esou eng nei Constitutioun kann ech, och als alen Mann vun 85 Joer, beim Referendumm net zou stëmmen!
Déi Dräi Faarwen Regierung däerf net hir politesch Zukunft selwer verbauen!
Ech hunn als Fräidenker an iwwerzeegten Demokrat, Problemer mat esou enger Initiativen!
Steet, déi zweet Nidderlag fir Regierung beim Referendumm fir un de Dier!
Dat wat de Moment hei zou Lëtzebuerg duerch déi Dräi Faarwen Regierung geschitt!
Si rullt den rouden Septesches aus fir CETA an den TTIP!
Gewerkschaften mussen gutt oppassen wat am Ländchen geschitt!

Keine Kommentare:

Kommentar posten