Samstag, 14. Mai 2016

Päischtsonndeg

Päischtsonndeg

Wann Päischten an Neijoerschdag eemol op den gläichen Sonndeg falen, geet Welt ënner! Huet meng Groussmamm gesoten!
Mokuchsdag!
Wann een eise Politiker aus de Dräi Faarwen Regierung nolauschtert ass Lëtzebuerger Land, top!
Eis Renten sinn garantéiert bis 2050! Wéi héich, gouf net gesot!
Gesondheetskeess léift iwwer! Muss een sech just froen! Wann dat esou ass? Firwat? Datt dee Krank nach ëmmer esou vill aus de eegene Täsch muss bäileeën?
Looss mer dat Geknouters op de Säit leeën!
An freeën eis op dat schéint Wieder fir Päischtsonndeg!
No de Pilger bei Fatima, an1. Meefeier vum LCGB, ginn mer Muer op Gënzefest op Wolz!
An Päischtdënschdeg geet zou Iechternach gesprongen. Si wëssen net fir wat dat si sprangen? Dass trotzdeem eng Sportsaktivitéit!
Lëtzebuerger sinn an de Minoritéit! Ganz Welt weess wat Sprangprëssessioun vun Iechternach bedeit! Dräi Schreck no fir, an zwee zeréck!
A nach eng Fro! Mer hunn jo Séperatioun vun Staat an Kierch! Kréisten Staatsbeamten awer fräi fir sprangen ze goen?
Haut ass den Dag vum kale Sophie!
An dann, geet et de Bierg ob mat de Temperaturen! Hunn si eemol gesoten?
Dat meescht wat mat Wieder gesot geet! Ass fir Katz!
Dat ass politesch Gebraddels! Et meescht gutt no baussen!
Anersäits muss een sech froen! Firwat dat nach ëmmer esou vill  fir un de Chamber stattfannen?
An dann geet et, déi grouss Majoritéit, déi net vun hirem Recht gebrauch maachen, fir och fir un de Chamber ze demonstréieren!
Aarmut spillt sech hanner de Dieren vun hiren Wunnegen of!
De Groussherzog huet bei de Staatsvisite an Finnland. An senger Dëschried gesoten, " mäin Land"! Iwwerhieflech!
Ass säin Land, een anert wéi Lëtzebuerg?
Ech wënschen iech Alleguerten schéin Päischten!

Keine Kommentare:

Kommentar posten