No de Prolongatioun
Beim Auszielen vun de Bréifkaarten, ass de neien Bundespresident vun Eisteräich den Alexander Van de Bellen, een Pro-Europäer mat enger knapper Majoritéit zum Bundespresident vun Eisteräich gewielt ginn!
De Rietspopulist Norbert Hofer, huet seng Nidderlag unerkannt!
Ausschlag fir dat Resultat waren Stëmmen aus de grousse Stied, déi net esou direkt eppes mat de Flüchtlingen ze dinn hunn!
Anersäits hunn Wieler aus den ländlechen Géigenden, déi vun den Flüchtlingen betraff sinn fir den Rietspopulist Hofer gestëmmt!
Et war och eng Wahl zwëschen deenen räichen an aarmen Éisträicher!
Wann ech Geeschter, dat gesinn hunn, déi Gréng Parteien an Europa waren aus dem Haischen!
Den Alexander Van de Bellen ass net als grénge Politiker gewielt ginn. Hunn gouf als Persoun gewielt fir ze verhënneren, datt een Rietspopulist wéi den Norbert Hofer, Bundespresident kann ginn! Dat huet awer näischt mat den europäeschen Gréngen eppes ze dinn!
Loosse mer dem Alexander Van de Bellen Méiglechkeet ginn, fir dat ëmzesetzen fir dat hien Gewielt gouf!
Dat ass eng Aarbecht, déi zwee Deeler vun Eisteräich, nëss ze kitten! Déi onméiglech ass! Eng falsch Entscheedung kann de Spléck nach méi grouss maachen!
Awer d'EU muss ëmdenken!
Soss geet de Schoss no hannen lass!
Keine Kommentare:
Kommentar posten