Donnerstag, 19. Mai 2016

Lëtzebuerg, eng Wullkëscht

Lëtzebuerg, eng Wullkëscht

De Staat Lëtzebuerg ass iwwerall dobäi. 
Awer néierens bei den Elitten!
Mer investéieren esou vill Geld vun de Steieren an Universitéit an Héichschoulen hei am Land! Firwat mussen déi Lëtzebuerger Kanner déi sech weiderbilden wëllen, an Ausland goen?
Lëtzebuerger Kanner missten sech dach hei zu Lëtzebuerg gratis weiderbilden kënnen! Et ass jo eng Lëtzebuerger Universitéit! Déi mat Lëtzebuerger Steiersuen opgeriicht gouf!
Majoritéit vun de Proffen an Doktoranden, so huelen ech mol un, déi Kuren an de UNI halen, kommen aus dem Ausland! Et wär mol interessant ze wëssen. wéi vill Studenten aus dem Ausland an wéi vill Studenten vun hei Heem eis Uni besichen!
Et miss jo awer esou sinn, mat dem Geld wat mer an Bildung stiechen! Dat wéinstens eis Schoulpersonal net misst an Ausland goen fir ze léieren!
Sinn eis Kanner benodeelegt? Wat Schoulausbildung ubelaangt?
Eis Politik am allgemengen ass eng politesch Wullkëscht!
Mer flénken alles un an maachen näischt fäerdeg!
Wann ech elo geeschter op RTL gesinn hunn. Datt ASTI Flüchtlingen Opgekläertes huet, iwwer Rechter an virun allem vun den Sozialrechter vun de Flüchtlingen!
Sou ass dat eng Datz fir Regierung! 
Och wann Pappen am Sall waren, déi gesot hunn, ech bestëmmen wat mat menger Kanner geschitt!
Dat ass eng Oppositioun géint de Staat, een Staat den alles meescht dat  et hinnen mat hir Familljen hei zu Lëtzebuerg gutt geet!
Do bleift nach een décken Koup Aarbecht fir den Erzéiungsminister!
Si veränneren net nëmmen EU, och Lëtzebuerg wäert sech  mat de Zäit änneren?
An de Wullkëscht huet de Dräi Faarwen Regierung schonn vill an eng positiver Politik fir Land ëmgesat!
Awer Wull hellt net of!
An un dëser Wullkëscht geet spéider bei den nächsten Chamber-Wahlen gemoosst!
Si kann duerch déi Wullkëscht zu Onrecht ofgewielt ginn!
Awer! Dann maache mer eng aner Wullkëscht op!
Déi Regierung wäert och eng Wull an hirem Tirang hunn?

Keine Kommentare:

Kommentar posten