Keeserschmarren
Dat wat Geeschter an Eisteräich bei de Wahl fir den neien Bundespresident geschitt ass!
Ass eng Demontage vum demokrateschen Staat Eisteräich, den auseenanergerappt gouf, wéi ee Keeserschmarren!
Do sinn zwou Parteien am Asaatz fir den Bundespresidenten, déi nach fir un Joeren vun deen zwou grousse Landesparteien, als politesch Schmuddelkanner an den Eck gestallt goufen!
An Eisteräich hunn sech all politesch Parteien an de Mëtt zesummen fond! Esou dat et keng Oppositioun méi am Parlament gouf!
Een ähnlecht Bild wéi hei zou Lëtzebuerg!
Mer hunn an de Chamber keng richteg Oppositioun méi!
An dat ass Spillwiss fir nei politesch Parteien, déi vun sech behaapten si giwwen sech ëm déi Leit këmmeren, déi vun den haidegem Volleksparteien lénks leien gelooss goufen!
LSAP ass eng vun de Regierungsparteien ouni politesch Heemecht, déi fir vill Wieler net méi ze wielen ass! Déi Blo hunn sech nach ni ëm dee schaffen Leit gekëmmert! An déi gréng Partei ass Haut eng Partei, déi hir eegen politesch Basis zou betonéiert, an platz ze erhalen!
Oppositiounsbänk ass ouni politescht Gewiicht!
Heiansdo sinn déi Lénks, déi versichen Oppositioun ze maachen!
ADR ass eng politesch Partei déi net gebraucht geet! Ouni den Gast mat sengem Obtrieder an de Chamber géif et keng ADR méi ginn!
Déi Dräi Faarwen Regierung muss oppassen, datt si no de nächsten Wahlen net vun de politescher Bühn verschwende!
Dan hunn mer nach CSV, déi net eleng regéieren kann! Wëll si hire Wee nach ëmmer net fonnt huet!
Wann Rentner an Aarbechter géifen beschléissen eng nei Partei ze grënnen. Déi sech ëm Aarbechter këmmeren!
Dan hunn déi grouss Parteien Méiglechkeet verpasst, hir Aarbecht anstänneg zemaachen!
Wëll eng nei Partei, schafft et mat Liichtegkeet un 30% erun ze kommen!
Déi Dräi Faarwen Regierung ass ofhängeg vun Bréissel!
An si huet keng Relatioun méi mat hiren eegene Wieler!
Dat geet gutt, bis zu den nächsten Wahlen!
Dann ass Zäit vum Bing-Bing vun de Bloen eriwwer!
Dann ass Zäit vum Bing-Bing vun de Bloen eriwwer!
Dan wonnert sech sou muencher Politiker, datt hien net méi an Chamber gewielt gouf!
An dat ass och gutt esou!
Mer deet et just leed fir LSAP als Partei!
Déi vun hiren Mandatéieren am Stach gelooss gouf!
Meng Partei LSAP, huet mat all deene Regierungskoalitiounen, wou si agaangen ass! Hir't politescht Haus esou oft missen ëmbauen, datt si haut selwer net méi wéis, wou Viischtdier ass!
Meng Partei LSAP, huet mat all deene Regierungskoalitiounen, wou si agaangen ass! Hir't politescht Haus esou oft missen ëmbauen, datt si haut selwer net méi wéis, wou Viischtdier ass!
Keine Kommentare:
Kommentar posten