Samstag, 7. Mai 2016

Eng Binette äus dem Minette


Eng Binette äus dem Minette

Fréier hues de Leid, mat hiren duerch déi schwéier Aarbecht, op de Schmelzen an den Äerzgroufen gezeechneten Gesichter op den éischte Bléck erkannt! Et war schon een Ënnerscheed vun engem Gesicht äus de Stadt, an dem Eisleck!
Un hierer Binette hues't si erkannt, dat si äus dem Minette sin, sou gouf gesoten!
Hir Gesichter sollen méi hard gewéicht sin, wéi all déi Aner am Land!
Mat de éichter Immigratioun vun den Italéiner an de Bestiednësser, zwëschen den Immigranten an de Lëtzebuerger. 
Krutt de Minette een anert Gesicht an eng aner Kachkultur!
No de zweeter Immegratiounswell mat de Portugiesen, war et mat de Binette äus dem Minette gedoen!
Haut geet et Lëtzebuerger an allen Hautfarfen. Lëtzebuerger Gesichter vun Haut, sin geprägt gin, duerch Mënschen déi bei ons koumen fir hei ze liewen an ze schaffen!
Eng Lëtzebuerger Binette äus dem Minette ass rar!
Lëtzebuerg ass ee Welt open'd Land, an Gesichter sin Typesch fir Weltbierger!
Lëtzebuerger hun zwar hir't Gesicht net verluer. Hier't Gesicht huet sech geännert!
Dat alles ass vir sech gaangen, ouni vill getuts an Gebraddells!
Immigratioun huet sech ausgebreet bis an Kirchen, Chamber an bis an Regierung!
An de Sproocheproblem schaffen mäer och nach!
Kapduch an Burka wäert mat de Zäit zum normalen Stroossenbild gehéieren!
Dann ass dat Gedéismëss vun de Leid déi sech drunn stéieren nach eng Minoritéit!
Een schéine sonnegen Sonndeg fir iech all!
Gläich mat watfir enger Binette dir de Sonndeg genéisst!

Keine Kommentare:

Kommentar posten