Een schéine Sonndeg
Fir unzefänken all dee 500 000 Frënn déi op mengem Blog ugeklickt hunn! Ee grousse Merci, fir hiert Vertrauen, an dat wat ech all Dag schreiwen! Et wären de vill méi! Awer ech schreiwe an menger Sprooch, an déi ass Lëtzebuergesch!
Ech mengen mir hunn de Bob Jungels geféiert an gelueft, so laang hin den Rosa Trikot hat! Awer genee, an dëser Situatioun wou hin sech elo befënnt! Brauch hien eis Ënnerstëtzung! Weider esou Bob!
Wann ech mer Geeschter dee Mätsch vun de Coupefinale vum Däitsche Fussball zu Berlin ugekuckt hunn! Do ass et zou gaangen wéi op engem Schluechtfeld! Mat engen Schiidsriichter de net op de Héicht war! Schwamm driwwer!
Eis Regierung huet duerch Hänn vun eisem Ausseminister, den Deckel op CETA geluecht! Wann ech onsem Ausseminister no lauschteren, ass CETA dat bescht wat Lëtzebuerg konnt kréien!
Alles am Botter!
Ah! Mam Botter. Kee mussen Aartgerecht gehalen ginn!
Dat bedeit Kee mussen eraus op Weid! An esou dozou bei droen, dat Mëllechprodukter eng besser Kalitéit kréien! Dat ass eng super Iddi!
Haut geet an Eisterraich de neien President gewielt. Hoffentlech hunn Wieler haut ee gréngt Häerz! Soss geet nach méi spannend an de EU!
NATO heelt Kultur ënnert hir Fitteschen!
Deen Äerzbëschof huet no de Sprangprëssessioun op Trap ënner senger héijer Kap gesoten:" All klappen se op eis, Schléi kommen vun aller Säiten"!
Här Äerzbëschof, dir huet Trennung vun Staat an Kierch ënnerschriwwen, ouni déi Gleeweg hei am Land ze froen, op si dat och wëllen!
Dir hutt déi r.k. Kierch vun Lëtzebuerg ënnert dem Wäert verkaaft!
An elo, geet et op den Appéro!
Keine Kommentare:
Kommentar posten