Freitag, 27. Mai 2016

Dem Staat säi Bongert

Dem Staat säi Bongert

Ass, anescht, wéi de Bongert zu Ettelbréck, den onsen Groussherzog Henri besicht an bewonnert huet. Mat sengen schéinen alen Uebstbeem! Mat engem Panoramabléck, den dreemen léist!
Anersäits hunn mer den Bongert am Staatsgaart! 
Mat sechs Beem! Et sinn zwar politesch Beem! Hier Friichten sinn och politesch Kreatiounen! Déi net fir iessen sinn! An trotzdeem ginn déi eng Bierger am Land, pup sat vum politeschen Uebst! 
An deen aneren Deel muss sech mam gefalen Uebst vun den politeschen Beem um Liewen halen!
Elo ass meng romantesch Oder nëss mat mer duerchgaangen!
Ech sinn do funner iwwerzeegt, dass den Editorialist am "t", an de Schreiwer vun dësem Blog, eppes gemeenes hunn, si setzen sech an, fir CSV vun de politescher Verantwortung eraus ze halen!
Och wann ech LSAP kritiséieren, wärd ech LSAP als Partei ëmmer nëss wielen! Net all Mandatär!
Och wann de neoliberalen Tatch vun de Dräi Faarwen Regierung, net mengen politeschen Virstellungen entsprécht!
TNS Ilres huet laut hiren lëschten Ëmfroen festgestallt, datt Uebstbeem vun de CSV gesond Friichten droen!
An Uebst vun de Regierungsparteien vun de Beem gefalen!
Elo kann et sinn, datt bei den Ëmfroen an véierzéng Deeg vum "t". De Bongert vun de Regierung ganz aneschtes ausgesäit!
Dann sinn Regierungsbeem, voll vun gesondem Uebst! Uebst dat een ulaacht! 
Et geet een dozou verfouert, sech Uebst vum Bam zerplécken an dran ze bäissen!
Och dat Uebst aus dem Regierungbongert, dat gutt ausgesäit, soll een fir um Iessen ëmmer wäschen!
Et ass politesch ee Fauxpas, wann een dem jonken Spalléierbam vun de "Lénken" mat gesonntem Uebst, mat de CSV an dem ADR an een Deepen wërft!
Den jonken Spalléierbaam, ass schonn een Hinnkuckert am Regierungsbongert! Hien huet nach Zäit ze wuessen!
Een't mussen Wieler sech bewosst ginn!
Nëmmen mat Spëtzekandidaten kann een kee Land politesch féieren!
Och net Lëtzebuerger Land!
All Bongert de net gefleegt geet! 
Dréit mat de Zäit keng Friichte méi!
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten