Rechter vun Asylanten
Net nëmmen een Ënnerdaach! Si fuerderen och Recht op Aarbecht! An dat mat Recht!
Eegendlech misst Regierung Verantwortung hunn, iwwer Asylanten!
An domadder géifen !
Entscheedungen an de Chamber geholl ginn an net vum Roude Kräiz an de OLAI!
Dës Organisatioun schaffen vill! An muss een och Respekt fir hirer Aarbecht hunn!
Awer ouni déi politesch Verantwortung! Geet et net!
Den Respekt vum Mënsch, besteet doranner wann's de him Méiglechkeet gëss fir ze schaffen! Eng Schaff ze hunn ass ee Stéck Fräiheet!
Et schéin't wéi wann Flüchtlingen an Land kommen! Meescht de Staat alles, datt si Gefill kréien, dat si wëllkommen hei zu Lëtzebuerg sinn! Et ass wéi Reha!
Awer dee normalen Flüchtling wëllt sech selwer an seng Familljen ernieren!
An Recht ob d'Aarbecht muss een dem Flüchtling zou gestoen!
Dat ass den Ufank vun de Integratioun!
Sprooch ass eppes dat léiert een am beschten op de Aarbecht! Dat war bei de Integratioun vun den Italiener an de Portugisen esou! An datt hir Kanner Recht kréien fir an ëffentlech Schoulen ze goen! Och do léieren Elteren vun de Kanner!
Wann si et wëllen, gesäit een no de zweeter Generatioun net méi wou hir Wuerzelen stinn!
Heiansdo! Huet een Impressioun datt dat wat Flüchtlingen alles mussen wëssen fir sech ze integréieren? An Wierklechkeet eng Brems ass! Wéi wann een Integratioun, wéi Indextranchen no hannen wëllt réckelen!
Wann Regierung tatsächlech Integratioun vun de Flüchtlingen wëllt!
Dan ass d' Aarbecht eng grouss Hëllef fir Integratioun!
Keine Kommentare:
Kommentar posten