Meng eegen Meenung
Schreiwen zanter iwwer 50 Joer, mol émol an de Woch!
Elo schon's eng Zäit een oder wee Bloggen am Dag!
Wat ech posten ass meng Meenung. Op richteg oder falsch. Et ass meng Wuerecht!
Hun nach ni een gefroten, wat ech dierf soen an schreiwen, an wat net!
An dat ass och gud esou!
Sin fräien Zeileschreiwer, den irgenwou an Welt geliess geet!
An natürlech och hei am Land, Politker sin net ausgeschloss!
Schreiwe net fir eng politesch Richtung.
Stin awer "links" an dem politeschen Kosmos!
Schreiwen och schon's mol géint de lénke Flillek vun de Regierung! Wan et nach esou ee Flillek geet!
Schreiwen meng politesch Bemierkungen gäeren an de Mäerchenform. Well dat wat hei am Land an de Politik sech ofspillt, sin Mäererchen iwwer Chanteger déi ni fäerdeg gin!
Politik vun de Regierung, ass am groussen ganzen net schlecht!
Awer si fänken alles un, an mache näischt fäerdeg!
Wan ech Haut liessen, déi nei Steierreform wäer neutral! Denken ech dar ass eng Liggen! Wëll de Mëttelstand an seng Bertrieber mussen ënnerstëtzt gin?
Wan ech gesin wéi am Süden, Esch bei hirem Wonsch vun de Kulturstadt, net wëllen ënnerstëtzen. Dan ass ëppes futti an de LSAP!
Vum 1. Juli 1951 sin ech member an de LSAP, an vum 9. Aprël 1949 an de JS.
Haut denken ech, wan's de keng Aktivitéit méi an de LSAP hues. brauch een och net méi an de Partei ze sin!
Fir déi 20€ Cotisatioun?
Wëll déi Wieler wou LSAP wielen, stëmmen de Programm vun de LSAP!
Wan spéider an de Koalitioun, Politik net esou gemach geet wéi versprach!
Gin se net méi erëmgewielt!
Méi ass et net!
Zäit, ass Hoffnung!
Hei ënsdo hun ech Impressioun. Ech wäer an de falscher Partei!
Mäin Häerz seet jho! An mäin Kap seet neen!?
Keine Kommentare:
Kommentar posten