Ginn Rentner vergiess
Et muss dach erlaabt sin, ze Froen? Firwaat gin Renten von de Kollegen déi an de Grousindustrie eeweg ratiounaliséiert goufen net den heitegen Léinentwecklung ugpasst!
Dofir hun mäer hei am Land esou grouss Ënnerscheeder an de Renten!
Do ass eng grouss sozial Ongerechtegkeet entstanen!
Dat Gewerkschaften ëmmer méi héich Léin fuederen, ass esou an hirer Roll vergesin!
Awer net déi Leid vergiessen déi de Grondsteen vun de heiteger Gesellschaft geluecht!
Och déi rietspolulistesch Tendenzen an Europa, sin enstanen duerch déi niddrech Léin an Renten an deenen Länner!
Den Aarmut geet an Hänn vun de rietsen Parteien gedriwwen! Wëll vun de politescher Mëtt geschitt näischt fir den Aarmut ze reduzéieren!
Ëmmer nëmmen sou kleng Leckerliën!
Scheer geet ëmmer méi wéit äuserneen!
Iwregens den Hinweis vum OGB-L Président fir de Rietspopulismus ze bekämpfen!
Hat och ganz gudd am Premier senger Ried gemaacht!
Och den Editorialist am heitegen "t" ass geblend vum Wiertschaftswuerstum vun ëiser Economie!
Och daéi eng Millioun Awuenner geet do zou ënn, wan de Schneebalsysthem explodéiert!
Dan steet Wiertschaft mam Vollek tatsächlech widder enger Mauer!
Esou kann ët op jidderfall net weider goen!
Déi Räich ëmmer méi räich! An déi Aarm ëmmer méi Aarm!
Keine Kommentare:
Kommentar posten