Dienstag, 29. März 2016

Die Natur lebt Text: Kueben

Die Natur lebt

Kueben 

Wan ech mech nach gudd kan ërennneren, hun Leid äus dem Schmelzer-Quartier  ëmmer gesoten. De Mayrich vum Schlass hät Kueben agesaat fir Dreckstippen zu Diddeleng propper ze haalen!
Mäer hatten zwee Dreckstippen zu Diddeleng, een op de Schlackemillen fir erop ob de Gintzebierg, deen annere war beim Bloklapp fir op de Roedebierg erop. Do wou Haut de Chalet vun de Peaux-Rouge gebaut gouf.
An hei vir am Waal bei de franzéischer Grenz war och eng Sténkkaul, wou Merzleren hieren Offall entsuergt hun!
An mäer Muerden fir ze fëschen siche gaange sin!
Oder op Zésseng op den Tipp!
Muerens sin Kueben äus hire Kolonien fortgeflunn, op déi verschidden Tipper!
Owends sin si ërem Komm an hir Kolonien!
Kueben hun net gestéiert!
Si haten eng wichteg Aarbecht, Tippen proper vu Offall vum Iessen ze halen!
Dat war och Gudd esou!
Haut gin et kéng Tippen méi ënnert den fräen Himmel!
An Kueben gin dohinner, wou et ëppes ze fudderten geet!
An dat ass do wou Menschen wunnen!
Kueben hatten ëmmer hir Näschter op den Uwenner vun de Bëscher!
Elo hun Kueben sech do ugesaat, wou Beem an de Wunnegsbereicher stin!
Wan se net ofgeholzt sin, well se stéieren!
Wëll Appartementer sollen do gebaut gin!
Wou liewen mäer dann?
Net déilen wéi Pissinger mat de Kueben!

Keine Kommentare:

Kommentar posten