Uelzech am Gronn
Piff, paff, puff
Mon Seigneur Groussherzog Henri, Haut de Muergen nodéeem ech am "t" zoum Thema Monarchie geliest hat: " Altesse Royale, Prince de Luxembourg"! (Claude Wolf)
Ass dat leschte Stéck vun de Lëtzebuerger Monarchie.
De Buedem an menger Kichen huet geziddert. Dier vum mengem Bicherschaf, huet siewenzeg Joer um Bockel, ass wéi duerch Geeschterhand ob gaangen, an piff, paff, puff gong Monarchie an Schiebelen!
Dobäi hat ech, Monseigneur Henri, de Film vun de Kienéckskanner zu Lëtzebuerg op RTL ugekuck hat!
Do sinn awer Statisten vum Haf, wann ech richteg duerch "t" informiert gouf!
Vill Nassauer!
Wéi ech de Bodry Jang!
Anner däerfen jhust den Titel "Prince" droen!
Hunn awer keng Rechter op Suen aus de Kees vum Haf!
Um Wee mat den idéeellen Schiebelen vun de Monarchie ob de Schëpp fir an Poupelle!
Hun ech geduecht, sinn dat Schiebelen, vun de Lëtzebuerger Monarchie oder vom Naussaurechen Ierwveräin?
Mon Altesse Royal Grand Duc Henri.
Nodéeem ech an Dusch war, ech war puddelnass geschwéisst, déi Noricht war ee richtegen Choc.
Sëtzen nach ëmmer beim "t" Artikel vum Claude Wolf.
An dénken un all déi Lëtzebuerger, déi am Zweeten Weltkrich Widderstand geléscht hun, géint NAZI!
War de ganzen Risoko fir am KZ futti ze goen!
Dat alles fir een Ierwveräin, deen Titel verdéeelen kann!
Ech sin de fester Iewwerzéschung, déi iwwer 9 Million Euro aus dem Lëtzebuerger Budjet, wäeren fir déi repésentativ Monarchie an net fir een Ierwveräin!
Mon Seigneur, wéi dem Prënz Jang, nach eng kéier alles Guddes an eng gudd Gesondheet, seng Mamm Groussherzogin Charlotte, Äer Groussmamm mon Seigneur gestuefen ass, war ech an Belge an de Verkanz! Wéi Noricht am Radio koum, dat ons "Charlotte" verstuerwen ass, sinn mäer Tréinen Backen erof gelaaf!
Firwaat hues du démols gekrascht, froen ech mech Haut!
Démols war den Patriot mat mäer duerch gangen!
Madame Grande Duchesse Charlotte war eng moralesch Hellëf fir de Krich ze iwwer liewen!
Et mengt een ech häet et gespuert, wëll ech fir d'ofschaffen vun de Monarchie sin!
Monarchie ass de beschten vum Staat subventionéierten Ierwveräin hei zu Lëtzebuerg!
Dat kann dach net sinn!
Mon Seigneur Henri, kläert Vollek op!
Een aale Mann, wéi ech huet dat vläicht an de falschen Hals kritt!
Mir wëllen bleiwen wat Mir sin!
|
Keine Kommentare:
Kommentar posten