| Hutbierg Keel |
Quetschen och
Här François Bausch, "gréngen" Nohaltegkeetminister an de Dräi Farfen Regierung, déi den Ament um Rudder ass!
Fréier hätten Leid gesoten:" de Fränz huet eng mat de Broutschéiss kritt"!
Fir zoubetonéieren vun ëisem Land misst, Dir Här Minister, Bierger froen, ob Dir dat däerft! An op Bierger dat wëllen, dat hieren Liewensraum, ageengt geet!
Wëllt Dir Här Minister, spéider an engem Ghetto ähnlechem Wunnraum liewen!
Neen! Bis dohinner huet Géiss ee laangen Bart!
Här Minister, Lëtzebuerg geet villen Leid aus Groussregioun Aarbecht!
Vill Lëtzebuerger sinn schon mat hiren Familje an Groussregioun geplennert!
An huelen den Aarbechtwee fir op Lëtzebuerg gäeren a kaaf!
Virwaat baut de Lëtzebuerger Staat keng Wunnegen an de Groussregioun?
An plaatz Lëtzebuerg zou ze betonéieren!
Oder fand Dir Här Minister, Monaco, wäer eng ideal Wunnstadt?
Ergonomie vun Dir ëmmer gäeren schwätzt, ass an de Urbaniséierung vum Lëtzebuerger Land net méiglech!
Dat geet op de Aarbecht, wou Maschinen an Aarbechtgeschirr dem Aarbechter ugepasst ginn!
Eisebunn, Busen, Tram, Autobunnen an Niewestrossen, Veloen an Fossgänger hun eng Fonktioun, den Bierger aus dem Land an och aus der Groussregioun op hir Aarbechtplaatz ze brengen!
Wann Dir an äere Utopie!
Wann hei zou Lëtzebuerg wunnen nach liewens Wert soll bleiwen !
An Frischen vun de Stoolindustrie als Wunnraum ze benotzen, mat Geschäfter an alles Méigleches ze bebauen!
Virwaat rappt Dir dat alles net of fir eng nei Industriezon mat Aarbechtplaatzen!
Här Minister, äer Pläng fir Lëtzebuerg zou ze betonéieren ginn bis 2060!
Kennt Dir den Bierger net soen?
Wat Dir an zwee Joer, kurzfristeg kennt am Sozialenwunnegbau hei zou Lëtzebuerg kennt realiséieren?
Awer Quetschen och!
Dat kennt Dir net!
Dir Damen an Hären aus de Regierung!
Wat huet Lëtzebuerg Iech zou Leeds gedoen?
Datt Dir esou ëppes zou loosst!
Dir Damen an Hären aus de Regierung!
Wat huet Lëtzebuerg Iech zou Leeds gedoen?
Datt Dir esou ëppes zou loosst!
Keine Kommentare:
Kommentar posten