Mittwoch, 17. Februar 2016

Gewerschaft stëmmt Text De PAN an de POT

Gewerkschaft stëmmt

 De PAN an de POT

Den éischte Abléck, ouni den Artikel vum Lucien Montebrusco gelies ze hun!
Kënnt een denken, de Verfaasser vum Artikel wäer ënnert Mäerchenerzieler gaangen!
Méi esou wéi ech de Lucien Montebrusco kennen, wullt hin an de Politik op de Sich no de Wuerecht!
Alls fréieren Gewerkschaftler vum OGB-L an virdrun am LAV hun ech ob mengem lénken Aarm eng Hingerhaut gespuert!
Do leeft ëppes schief?
Ech well kloer stellen, all Aarbechter hei am Land huet ee Recht  eng geregelt Aarbechtzäit ze hun?
Déi geregelt Aarbechtzäit vun 8 Stonnen gehéiert de Vergaangenheet un, ass mäer nei!?
Dat bedeid, de Kollektivenurlaub um Bau kann ofgeschaaf ginn!
Wéi nom Krich wou ech beim Leeëndecker geschaaft hun. 
Am Summer 12 Stonnen den Daag, an am Wanter hun mäer Iwwerstonnen erangehol!
Dat war démols déi Flexibelaarbechtzäit!
Do kritt den Aarbechter ganz schnell Gefill, vun engen Geleeënheetaarbechter!
 Eng neo-liberal Versklavfung vum Aarbechter!
"Wir sagen nicht Nein zu mehr Flexibilität. Aber die darf nicht umsonst sein", so Nico Clement OGB-L!
Oh! Hellegen Stréisaack!
Wan de Präis stëmmt, gét den Sklavenmaart op!
Wat geschitt mam Aarbechter dén dat doten Spill net mat meescht?
Ech kann den Aarbechtmminister vun de LSAP verstoen. 
Wéin wëllt schon gäeren an dëssen Zäit unecken!
De PAN an de POT ass ee Schwäizer Schwärt, den  schneid op zwou Säiten!
Zwëschen den Zeilen geliest!

Keine Kommentare:

Kommentar posten