Dienstag, 23. Februar 2016

Fuesend deemools Text: Speckgromperen

Fuesend deemools

Speckgromperen

Zäit vun den Speckgromperen, Kniddelen an Stäerzelen huet an ëiser Kannerzäit zum Mëttegiessen, war Basisiessen mat enger Jatt  Brach!
Oder Gequelltengromperen mat wäissem Kees!
An fir Kirmes, oder soss ee Feierdaag gouf Fritten am Ënzelfett frittéiert!
Demools goufen fir de Wanter een Maaler, da waren véier Zenner Gromperen op de Kap agekellert!
Zou däer Zäit hun meng Grousselteren ee grousst Stéck vum Bauer Schneider aus de Adolphstroos plouen gelooss! Dat war an de Millchen! Gromperen hun Si miessen selwer setzen an och eraushuelen!
Gromperen hun ëmmer geschmaacht,  aus dem Feier oder aus dem Schwengskessel!
Eng Gequelltegromper mat enger Poutz Salz huet ëmmer geschmaacht!
Mat de Immigratioun vun deen italienesche Familje, huet lues an lues  kachen bei de Lëtzebuerger sech geännert!
Zäit vun de Speckgromperen war eriwwer. An et gouf ëmmer méi oft Nuddelen!
Déi italienesch Fraen hun de lëtzebuerger Fraen hir Kichen geléiert!
Wéi Tomatensooss gekacht, Gnochien stungen do Heem um Dech!
Wéi si hir Zoppen maachen, mat selwer gemaachten Deegwueren fir Sonndes!
Gromperem koumen ëmmer manner oft op den Dësch fir Mëttegiessen!
Haut gin Gromperen an zweeaneenhalfen Kilo Tuten kaaft!
Wan Kanner haut vun de Mamm gefrot gin. Waat soll ech dee Mëtten kachen?
Nuddelen mat rouder Soss!
Oder, och mol, Gromperenkichelcher!
Oder, Gromperenpurree!
Gudd Sauermoos, mat Speckgromperen, Moerenspeck, Gesolpertes. Dat brauch de net méi op den Dësch ze setzen, Kanner iessen dat net!
Awer ee Stéck Pizza do sin se mat!
Speckgromperen gin nach jhust an Stäeren Restaurant servéiert!
 
 
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten