Samstag, 30. Januar 2016

Der Autor jean bodry Text: Eng Schwächt beim schreiwwen an liesen

Der Autor jean bodry

Eng Schwächt beim schreiwen an liesen

Ass eng Stärkt an dengem Liewen!
Du muss, vum éischte Schouljoer bis zu dengem Liewensenn, dech mat de Dyslexie ërembaalegen!
Rechnen, Kaprechnen war an de Schoul kén Problem! Da war ech méi stark wéi déi Kanner ouni Dyslexie!
Problemer goufen sichtbar beim auswenneg léieren an fir un de Schoulklass op soen!
Ech war net eleng an de Klass!
Déi démoleg Schoulmeeschteren haten hire Spass drun, ëmmer nëss déi Kanner op zurufen déi Problemer mam op soen haten!
Dann gouf et Stroofen, ob Pouten mam Linéal an den Eck gestallt!
Mat dem Schoulsytem vun démols sin déi Kanner als domm ofgestempelt gin!
Ofgestempel waren och déi Kanner déi "lénkshänneg" waren! 
Kann mech nach gud drun ërenneren am Krich, hate mäer präisech Schoulpersonal! An engem Diktat hat ecch 27 Schreiwfeeler geschriwwen! 
Den Schoulmeeschter um Deich waren den Denkhausen an Joffer war Braun's!
Wat ech mäer giff erlaben dem Goethe seng Sprooch an seng Schreiwweis esou ze versauen! 
No de Schoul hun ech missten dobleiwen! An krutt 27 Schléi mut de Rutt ob den Aasch!
Aus de Schoul, ob ARBED schaffen!
Schreiw- an Liesschwächt hut mech wéi een Schied 42 Joer lang och ob menger Aarbecht begleet!
Schreiwen zanter iwwer 60 Joer Essayen an Gedichter an Artikelen fir an Gewerkschaftzeitung, an Kommentaren!
Et waren ëmmer Leid do déi meng Texter verbessert hun!
Et waren keng Sënnlos Texter!
Haut geschitt dat mat mengem Schreiwprogramm um Computer!
Mam freien Schwätzen hun déi Leid déi ënnert de Dyslexie leiden kén Problem!
Ech gouf gestärkt, wéi ech héieren hunn, dat och besser gestallten Mënschen ënnert de Dyslexie leiden!
Bei deenen fällt et net ob, si diktéieren een Text an ënnerschreiwen!  Basta!
An engem vun mir geschriwwent Gedicht hun ech de Sënn vun enger Diner 4 Säit an ee puer Wierder ënnerbruecht!
Oft wéi ouwen am Bild "der Arzt" nëmmen ee Wuert an enger Rei!
Fir Schreiwfeeler ze vermeiden!
Och haut bei dëssem Artiken hun ech  mäin Luxdisco dobäi leien!
Et ass ee Virdeel an senger Mammensprooch ze schreiwen!
Wéi ech nom Hiereschlag, net schreiwen nach liesen, nach schwätzen konnt!
Wat Mammensprooch dat éicht ,wat sech erem ageschalt huet!
Dat ass och Ursaach firwaat dat ech bal nëmmen Lëtzebuergesch Texter schreiwen!
Ech hun nach jhust eng Fro? Kann ee Mënsch deen ënner de Dyslexie leid, Schreiwfeeleren an engem Text  vun engem Dyslexietanten erkennen?
 

 

Keine Kommentare:

Kommentar posten