Sonntag, 17. Januar 2016

Betruechten vum Robert senger Fotoen Text: Familljhebuch vun de LSAP

Betruechten vum Robert senger Fotoen


Familljhebuch vun de LSAP

Dat ass ëppes dat guef mat de Zäit ofgeschaaft!
Et war een Dokument, wou schrëftlech festgehalen gouf, dat du Member vun de LSAP bass!
Fest gehalen gueef wéi bei mäer:
-de Num Bodry Jean-
-Professioun, Schmelzaarbechter-
-Diddeleng-
- Liberatiounsstrooss 234-
- Antrëtt an Partei, 01. 07.1951-
- Antrëtt an JS, 09. 04.1949-
 -Op 33 Säiten waren Verfassung an Prinzipien festgeschriwwen!
-Op déinen lëschten 10 Säiten guefen den Beitragmarken gepëscht-
Haut schreiwt de Generolkéissier am Ufang vum Joer, du soll däi Beitrag bezuelen!
Dat ass déi énzeg direkt Verbindung mat de LSAP am Joer!
Haut sin mat deem neien Systhem, Leid op de Empfäng an och ob Kongresser déi net émol hire Beitrag bezuelt hunn!
Wann du émol Parteikaart an de Täsch huest, bass de Liewenslänglech Member bei de LSAP!
Oder? Net?
Wéi ech zu Diddeleng nach Bäiträg vun de LSAP kaséieren Hunn! Huet esou munscher Geschäftmann gefroten. Wou wat fir enger Partei ass et! 

Keine Kommentare:

Kommentar posten